Difference between revisions 1334800 and 1385549 on lbwiki

{{MediaWiki-Hëllef}}
Mat der käschtefräier '''Umeldung''' leet ee sech fir d'Wikipedia e feste Benotzerzougank un. Dat ass net zwéngend néideg - et kann ee bal all Funktioune vun der Wikipedia och benotzen ouni sech unzemellen. Trotzdeem huet eng Umeldung eng Rei vu Virdeeler (deenen - wéi soll et aneschters sinn - och e puer Nodeeler géigeniwwer stinn).

<div align="center">'''[http://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Special:Userlogin&type=signup Hei kënnt Dir Iech umellen]</div>
&nbsp;&nbsp;
== Virdeeler==

* Dir kënnt Biller- an Audiodateien [[Wikipedia:Dateien|eroplueden]].
* Dir kënnt Artikele [[Hëllef:Réckelen|réckelen]].
* Dir kënnt an Diskussioune mat engem Numm [[Wikipedia:Signatur|ënnerschreiwen]].
* Dir kritt eng [[Wikipedia:Benotzer-Nummraum|Benotzersäit]], wou Dir Iech virstelle kënnt, an eng Diskussiounssäit, iwwert déi déi aner Wikipedianer mat Iech Kontakt ophuele kënnen.
* Dir kritt eng [[Hëllef:De Suivi|Suivi-Lëscht]], déi Iech Ännerungen an Artikelen uweist, déi Iech interesséieren.
* Dir kënnt d'Erscheinungsbild an d'Funktionalitéit vun der Wikipedia [[Hëllef:Astellungen|selwer astellen]]. 
* Méi Anonymitéit: Amplaz vun Ärer [[IP-Adress]] gëtt am [[Hëllef:Historique|Historique]] an an den ëffentleche Logfiles nëmmen Äre Benotzernumm ugewisen.

== Benotzernumm ==

Bei der Ariichtung vun engem Benotzerkont soll een sech als éischt Gedanken iwwert de Benotzernumm maachen: Wikipedia huet e gudde Ranking a ville Sichmaschinnen, sou datt Benotzersäite bei enger Sich no engem Numm meeschtens uewen an de Resultater opdauchen. Ausserdem léisst sech aus de Beiträg vill iwwert d'Interessen an d'Perséinlechkeet vun engem Benotzer erausfannen. Wann een dat verhënnere well, sou sollt een, aus Grënn vum [[Dateschutz]], e [[Pseudonym]] benotzen. De Benotzernumm kënne Bürokraten zwar änneren, mee Diskussiounsbeiträg, déi mam alen Numm ënnerschriwwe goufen, mussen opwenneg manuell geännert ginn.

Eng Benotzersäit ass eng Säit wéi all déi aner a steet wéi de Rescht op der Wikipedia ënnert der [[GFDL|GNU-Lizenz fir fräi Dokumentatioun]].

=== E Benotzernumm wielen ===

Als '''Benotzernumm''' kann ee säi richtegen Numm oder och e Spëtznumm wielen - je nodeem mat wat een sech méi wuel fillt. Denkt op jiddwer Fall drun, datt anerer Iech mat dësem Numm uschwätzen - méiglecherweis esouguer bei Treffen am richtege Liewen. Do maachen sech onausspriechlech Buschtawekombinatiounen net gutt.

De gewielte Benotzernumm soll aner Wikipedianer net provozéieren oder blesséieren. Benotzernimm, déi zu Verwiesslunge mat Software-Funktiounen („Administrateur“) oder anere Benotzer féiere kéinten, kënne geneesou wéi beleidegend Nimm, vun den Entwéckler geännert ginn, wa sech Leit driwwer beschwéieren.

Ze beuechten ass och, datt de Benotzernumm nëmme mat engem grousse Buschtaw ufänke kann. Wann Dir als éischt Zeechen e klenge Buschaw antippt, gëtt dësen automatesch ëmgewandelt.

W.e.g. benotzt keng Nimm, déi mat Gesetzer an Amerika oder Lëtzebuerg a Konflikt gerode kéinten, wéi z. B. "Stad Lëtzebuerg" oder „City New York“.
Et ass och net gewënscht datt geschützte Firmennimm wéi z. B. „[[FIFA]]“ benotzt ginn.

== E Passwuert wielen ==

E [[Passwuert]] fir d'Wikipedia däerf och [[Sonnerzeechen]] enthalen. (Passt awer op, datt d'Sonnerzeechen, je no Sproochversioun vun der Tastatur, ënnerschiddlech kënne sinn, zum Beispill sinn d'Zeeche ° ² § op engleschen Tastaturen typescherweis guer net drop.)

== Dateschutz ==

Op Dir Är [[Hëllef:E-Mail|E-Mail]]-Adress bei der Umeldung ugitt, ass Iech iwwerlooss. Wikipedia gëtt dës E-Mail-Adressen net weider. 

Wee säi Passwuert vergiess huet, ka sech op seng E-Mail, déi en uginn huet, en neit schécke loossen. Aner Benotzer, déi och eng E-Mail-Adress uginn hunn, kënnen Iech doriwwer eraus iwwer Wikipedia Maile schécken, ouni datt hir Adress opgedeckt gëtt. Op Dir Maile kréie wëllt oder net, dat kënnt Dir bei Äre [[Wikipedia:Astellungen|Preferenzen]] uginn. Et gëtt ugeroden, eng E-Mail unzeginn, déi een och regelméisseg liese geet, fir de Fall datt een emol méi laang net op der Wikipedia schaffe kann.

=== Cookies ===

De Wiki-Server erkennt de Benotzer iwwert [[HTTP-Cookie|Cookie]]s, déi mat Hëllef vum [[Browser]] op der Maschinn vum Benotzer verwalt ginn. De Cookie enthält eng Benotzernummer, mat där d'Wiki-Software um Server d'Astellunge vun de Benotzer ausenaner hält.

Dofir '''musse''' Cookies aktivéiert sinn, soss kann de Wiki de Benotzer net erkennen.

D'Astellung '''„Verhal mäi Passwuert duerch d'Sessiounen“''' op der [[Special:Userlogin|Umellen-]] a [[Special:Preferences|Preferenzesäit]] späichert d'[[Passwuert]] (verschlësselt) an engem Cookie. Wann dës Optioun net ausgewielt ass, da muss een sech no enger gewëssen Zäit wou een inaktiv war, nees nei aloggen. Op ëffentleche Computere sollt dës Astellung natierlech '''net''' gewielt ginn, well sech soss aner Persoune mat engem sengem Numm alogge kënnen.

== Benotzernumm änneren ==

Beim Wiessel vum Benotzernumm ännert sech och d'Zouuerdnung am [[Hëllef:Historique|Historique]], awer net bei Diskussiounssäite wou Dir mat Ärem alen Numm ënnerschriwwen hutt. Fir méi Informatioune, kuckt w.e.g. [[:en:Wikipedia:Changing attribution for an edit]] an [[m:Changing username]].

== Benotzerkont deaktivéieren ==
Aus technesche Grënn kann en aktive Benotzerkont ''net'' nees „geläscht“ ginn. Benotzersäite kënnen awer op Wonsch eidel gemaach oder geläscht ginn, souwéi de Kont ka gespaart ginn. Dat ensprécht der ëmfangräicher ''Deaktivéierung'' vun engem Kont. 

----

''Kuckt och:'' [[Wikipedia:Dateschutz|Dateschutz]], [[Wikipedia:Benotzer|Benotzertypen]], [[Wikipedia:Hëllef|Handbuch an Hëllefstellung]]

[[Kategorie:Hëllef|Umellen]]

[[de:Hilfe:Anmelden]]
[[es:Wikipedia:Usuarios]]
[[it:Wikipedia:Nome utente]]
[[pt:Wikipedia:Por que se registrar?]]
[[uk:Вікіпедія:В чому доцільність реєстрації]]