Difference between revisions 1339536 and 1388551 on lbwiki{{Iwwerschaffen}} [[Filechier:BMX Cruiser.JPG|thumb|250px]] '''BMX''' ass eng Ofkierzung fir ''Bicycle Moto Cross''. Eigentlech ass dat Wuert "cross" net dran mä duerch den Buschtaf “X” deen een och als Kräiz kann gesinn, bedeit dann am engleschen “cross”. == Geschicht vum BMX == Dës Sportaart ass an den 1960er Joeren entstan, ob dësem Vëlo, kann den Fuerer dann bestëmmten tricks duerchfeieren oder och rennen fueren. Dës Vëloen hunn 20 Zoll Felgen, wat eigentlech net normal ass fir en Vëlo well deen huet der ëmmer 26 Zoll. Doduerch datt dës Felgen méi kleng wei déi vum normalen Vëlo sinn bréngt dat mat sech datt en engersäits méi handlech gëtt an anerersäits méi onstabill, well en méi schwéier an der Spur ze halen ass. Am Ufank war et ganz beléift bei jugendlechen an Kanner, mä duerno ass dat ganzt méi serieux ginn, an de Moment fannen vill Coursen statt. Eng Disziplin aus dem BMX-Sport ass 2008 offiziell bei den olympesch Summerspiller ugeholl ginn an och ausgeféiert, dëst ass en rennen tëschent 8 Fuerer déi géint eenegen fueren, all déi Fuerer kommen aus verschiddenen Länner. Et kennen méi wei een Fuerer pro Land vertrueden sinn. == Disziplinnen: == * Freestyle * Race * Tëschent den Disziplinnen ass en groussen Ënnerscheet. D'Disziplin ''Race'' ass zu Lëtzebuerg bis elo net vertrueden, doduerch datt eng relative laang Pist brauch (400 Meter) déi aus Buedem besteet. D'Pist ass duerch géi Kéieren an eng grouss Zuel vun Hiwwelen technesch schwéier ze fueren an spektakulär no ze kucken. Wéi an all Sportaart gëtt och eng Weltmeeschterschaft wou professionell Fuerer ëm den Titel kämpfen. D Virbild vun dëser Disziplin ass de [[Motocross]], wou Fuerer och iwwert gréisser Hiwwelen fueren an och sprangen. Wat kloer ass datt bei dësen rennen vill Accidenter passéieren an domat geet d Sécherheet fir, dofir hunn d Fuerer Integralhelmer an protektoren fir sech virun den Accidenter ze schützen. * Déi aner Disziplin ass [[Freestyle]] , an deem den Fuerer Schanzen sprengt an dobäi Trick mëscht. Et ass eng grouss Zuel vun tricks bekannt a schonn duerchgefeiert ginn, se loossen sech ëmmer rëm kombinéieren an deen fueren deen den neien tricks erfonnt huet kann sech de Numm aussichen. Heibei gëtt et keng Weltmeeschterschaft, et ginn Concoursen wou professionell Fuerer probéieren d Jury duerch hir tricks ze beandrocken, d Jury verdeelt Punkten jee nodeems wei den Schwieregkeet grad vun den tricks ass. De Gewënner ass natierlech deen deen déi beschten an schwéiersten tricks gemaach huet an déi meeschten Punkten vun der Jury krut. Ënnert dëser Disziplin ginn et nach eng Kéier Kategorië wei: * Flatland wou een tricks am flaachen mëscht ähnlech wéi Konschttvëlofueren. * Street: déi wuel bekanntesten Kategorie wou een mat sengem BMX Saachen sprengt an enger Stad, wou een Phantasie brauch fir déi spreng ze fannen. * Dirtjumps/ Trails: dës Fuerer sprangen iwwer aus Sand gebauten Hiwwelen an maachen tricks drop *Park: eng Form vun Street, mä et muss ee keng Schanzen sichen oder bauen , et ass eng scho gebauten Plaz an enger Hal wou d'Schanzen aus Holz gebaut sinn. == Um Spaweck == [http://www.youtube.com/watch?v=g5IYMXbTgeE BMX x Games 2009] {{Commonscat}} [[Kategorie:Vëlossport]] [[Kategorie:Vëloen]] [[bg:BMXВелосипеден мотокрос]] [[ca:BMX]] [[cs:BMX]] [[da:BMX]] [[de:BMX]] [[et:BMX]] [[en:Bicycle motocross]] [[es:BMX]] [[eu:BMX]] [[fr:Bicycle motocross]] [[gl:BMX]] [[ko:BMX]] [[hr:BMX biciklizam]] [[is:BMX]] [[it:BMX]] [[he:אופני BMX]] [[lv:BMX]] [[lt:BMX]] [[hu:BMX]] [[nl:BMX]] [[ja:BMX]] [[no:BMX]] [[mhr:BMX]] [[pl:BMX]] [[pt:BMX]] [[ru:Велосипедный мотокросс]] [[sk:BMX]] [[sl:BMX]] [[fi:BMX-pyöräily]] [[sv:BMX]] [[th:บีเอ็มเอ็กซ์]] [[tr:BMX]] [[uk:BMX]] [[zh:小轮车]] All content in the above text box is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike license Version 4 and was originally sourced from https://lb.wikipedia.org/w/index.php?diff=prev&oldid=1388551.
![]() ![]() This site is not affiliated with or endorsed in any way by the Wikimedia Foundation or any of its affiliates. In fact, we fucking despise them.
|