Difference between revisions 1465264 and 1470227 on lbwiki{{Uertschaft Lëtzebuerg | Numm = Mäerzeg | Wopen = Coat of arms mertzig luxbrg.png | An anere <br /> Sproochen = [[Franséisch|fr]], [[Däitsch|de]]: Mertzig | Distrikt = [[Distrikt Dikrech|Dikrech]] | Kanton = {{Kanton Dikrech}} | Buergermeeschter = {{Buergermeeschter Mäerzeg}} | Awunner Gemeng = 1.760 | AwunnerdatumG = 2011 | Fläch Gemeng = 1.100 | Koordinaten = {{coor dms|49|50|00|N|06|00|22|O}} | Kaart = Map Mertzig.PNG | Kaarttext = D'Gemeng Mäerzeg (orange)<br /> am Kanton Dikrech (rout) }} D''''Gemeng Mäerzeg''' ass eng vun den {{Gemengenzuel}} [[Gemeng]]en am [[Lëtzebuerg (Land)|Groussherzogtum Lëtzebuerg]]. Si gehéiert zum [[Kanton Dikrech]] an ass zënter dem [[1. Januar]] [[ 1875]] <ref>Gesetz vum 20. November 1875</ref> eng eegestänneg Gemeng. Si besteet just aus der Uertschaft Mäerzeg selwer. == Geographie == Mäerzeg ass déi westlechst Gemeng am [[Kanton Dikrech]]. Se grenzt am Norden un d'[[Gemeng Esch-Sauer]], am Nordosten u [[Gemeng Feelen|Feelen]], am Südosten un [[Gemeng Ettelbréck|Ettelbréck]] an, op enger Längt vu knapps 100 m, [[Gemeng Kolmer-Bierg|Kolmer-Bierg]], am Süden u [[Gemeng Viichten|Viichten]] an am Westen u [[Gemeng Groussbus|Groussbus]]. D'Uertschaft läit am Dall vun der [[Waark]], déi vu Südwest no Nordost derduerchleeft. Se deelt d'Uertschaft an Uewer- an Niddermäerzeg, déi fréier getrennt Uertschafte waren. Nërdlech vum Duerf fänken d'Ausleefer vum [[Éislek]] un, südlech läit de Butzebierg. D'[[Nationalstrooss 21]] geet, um lénksen Uwänner vun der [[Waark]], queesch duerch d'Uertschaft. Véier Baache lafen duerch Mäerzeg, d'[[Waark]], d'[[Turelbaach]], d'[[Bruchbaach]] an d'Walzerbaach. == Geschicht == ⏎ ⏎ Virun 1875 huet Mäerzeg zu [[Gemeng Feelen|Feelen]] gehéiert. Mäerzeg ass fir d'éischt am Joer 762 als Marciaco ernimmt. <ref>[[Joseph Meyers]], ''Studien zur Siedlungsgeschichte Luxemburgs'', 1976, S.101.</ref>. Aner Nimm sinn, 842 Martiaco, 1476 Mertzzich. Domatten ass d'Uertschaft méi al ewéi [[Feelen]] an ass mat eng vun den eelsten am Land. Op der [[Ferrariskaart]] <ref>Atlas Ferraris, Comte de Ferraris. Levée des Pays – Bas Autrichiens. Ed. Bibliothèque royale de Belgique , 1965. Ospern Folio 222.</ref> ass Uewermäerzeg eng Uertschaft fir sech, a läit um rietsen Uwänner vun der [[Waark]], och Niddermäerzeg ass als eegestänneg Uertschaft opgefouert, a läit op der lénkser Säit. An der ''Feuerstättenzählung'' vu 1526 gëtt Mäerzeg ënnert der Herrschaft [[Esch-Sauer]] ernimmt. ''Overmertzich 7 mesnaiges, Niedermertzich 7 1/2 mesnaiges.''<ref> [[Jacques Grob]], ''Dénombrements des feux des Duchés de Luxembourg et Comté de Chiny'', 1921.</ref>. [[Feelen]] huet do 25 ''mesnaiges'' oder Feierplazen. 1611 gouf erëm gezielt.<ref> [[Jules Vannérus]],''Anciens dénombrements du Luxembourg'', BCRH Bruxelles 70 (1901), p.421-476.</ref> Interessant ass datt an där Zielung Nimm genannt ginn. <ref>Niddermäerzeg: Heintzen Michel, Tilges Claus, Mathis Claus, Clais Gibbert, Heibocks Peter, net taxéiert, well aarm. Motschen Peter, Koeben Jan, Loetschen Peter, Marien Claus. Awunner vun Niddermäerzeg musse fir 3 Feierplaze bezuelen. De Marien Claus ass den Ancêtre vun der Famill Mergen vu Mäerzeg.</ref> Nom [[Drëssegjärege Krich]] louch d'Land um Buedem, zerstéiert a geplëmmt vun de kroateschen a polnesche Sëldner, déi de Baueren dat Lescht, wat se nach hate geklaut hunn, a vun der d'[[Pescht]]epidemie vun 1636 deziméiert. D'Leit waren aus den Dierfer fortgelaf an hate sech an de Bëscher verstoppt. Wéi 1659 d'Feierplaze erëm gezielt goufen, well d'Seigneuren jo erëm Taxen ophiewe wollten, waren d'Dierfer Nidder- an Uewermäerzeg abandonnéiert. <ref> [[Jean-Pierre Glaesener]],''Le Grand Duché de Luxembourg historique et pittoresque'', p.161.</ref> Ëm 1661 haten d'Leit Aarbecht op de [[Schmelz]]e vu [[Bissen]] a [[Kolmer-Bierg]], an an de Steekaule vu Mäerzeg. D'Schmelzen hunn och vill auslännesch Spezialisten ugezunn, ewéi d'Gilsons vun [[Habay-la-Neuve|Habich]], deenen hir Nokommen nach haut zu Mäerzeg wunnen, mä och [[Kuelebrenner]] aus dem [[Flandern|Flammänneschen]], wou den Numm Flammang hierkënnt. Mä d'Leit vu Mäerzeg selwer haten d'Kuelebrenne och séier eraus an hunn domat hiert Geld verdéngt. D'Schmelzen hu fir eng Tonn [[Goss]]eise siwen Tonnen Holzkuele verbraucht. Am [[17. Joerhonnert]] huet d'Bevëlkerung haaptsächlech aus Baueren, [[Doléiner]] an e puer Handwierker bestanen. Als Betriber hu bis an d'20. Joerhonnert era Millen a besonnesch [[Steekaul]]en eng Roll gespillt. Den Émile Erpelding <ref>[[Émile Erpelding]], ''Die Mühlen des Luxemburger Landes'', Ed. E. Borschette, 1988, p.381. </ref> ernimmt fir Niddermäerzeg eng Uelegmillen an eng Seemillen, déi dem Arthur Weis, an eng See-, Ueleg-, a Loumillen, déi dem Jean-Pierre Speyer gehéiert huet. Fir Uewermäerzeg nennt en nëmmen eng Millen, d'Mielmillen, déi dem Thomas Heiderscheid gehéiert huet. 1845 gouf si vum Antoine Goedert opkaaft. Dee gouf 1848 als Gierwer bezeechent. An de Kadastererklärunge vu 1766 geet vun 8 Loumille Rieds. Um Rand vum Butzebierg louche Steebréch. Am meeschten ofgebaut gouf de roude Sandsteen.Déi eelst bekannt Veraarbechtung vum Mäerzeger Steen ass an der [[Al Kierch Dikrech|aler Dikrecher Kierch]] ze fannen, datéiert op d'Joer 1539. Dokumentéiert ass eng Liwwerung vun 10 Trapesteng den 30. September 1633 op Buerschent. <ref>François Decker, ''Regesten des Archivs der Herren von Bourscheid''. <!--Bd. 4, 1993, S.?--></ref> Iwwer 70 Leit hunn am [[19. Joerhonnert]] an de Steekaule Seitert, Butzebierg, Latterbaach, Viichterpaad an Zahnerknupp geschafft. Mat Mäerzeger Stee goufe Fënsterrummen, Trapen, Grafsteng, mä och ganz Gebaier a besonnesch Kierche gebaut, ewéi z.B. [[Kierch Mäerzeg|déi vu Mäerzeg]], [[Kierch Ettelbréck|Ettelbréck]] an [[Kierch Dikrech|Dikrech]], d'Geriicht zu [[Dikrech]], (dës all geplangt vum [[Louis Dagois]]), d'[[Uelzecht]]-Bréck zu [[Ettelbréck]], an den Hotel Victor-Hugo zu [[Veianen]].<ref> ''Les Communes Luxembourgeoises et leurs receveurs'', ARC 1999, p.209.</ref>. De Mäerzeger Steen huet net esou vill Drock ausgehalen ewéi dee vun [[Gilsdref]], dofir konnte mat him keng grouss Brécke gebaut ginn. Mee duerch seng schéi rout Faarf war e beléift bei den Architekte fir Monumenter, Kierchen, mä och kleng Brécken. Bis op [[Baaschtnech]] an [[Neufchâteau]] sinn déi Mäerzeger Steng geliwwert ginn. ⏎ ⏎ '''Mat Mäerzeger Sandstee gebaut:''' <gallery> Fichier:Mäerzeg-Kirche.jpg|D'Kierch vu Mäerzeg Foto Rob Deltgen Fichier:Church in Ettelbruck Luxembourg.jpg|D'Kierch vun Ettelbréck File:Diekirch church.JPG|D'Kierch vun Dikrech File:Dikrech-Tribunal.jpg|D'Geriicht vun Dikrech File:Mäerzeger_Steen_Kapell_vu_Mäerzeg.jpg|Kapell vu Mäerzeg File:Pierre de Mertzig dans la Vieille église de Diekirch anno 1539.jpg|An der Aler Kierch zu Dikrech </gallery> '''Mäerzeger Steekaulen''' <gallery> File:Mäerzeger Steenkaulen Monument.jpg|Steekaulen-Monument File:Mertzig Carrière F.Gilson Ar.P.Gilson.jpg|Steekaul Franz Gilson an der Latterbach File:Mertzig_Carrières_Gilson_1930.Ar.P.Gilson.jpg|Steekaul Piere Gilson File:Mertzig_Carrière_Gilson._Ar.P.Gilson_2.jpg|Steekaul Gilson File:Mertzig_Maison_N.Gilson_Ar.P.Gilson.jpg|Wunnhaus vum Steekaulebesëtzer Gilson </gallery> Bei Recherchen zum Familljebuch Mäerzeg <ref>[[Rob Deltgen]]. ''Familljebuch vun der Uertschaft a Gemeng Märtzeg, HG Gemeng Märzeg 2012''.</ref> fält besonnesch op, datt Steenhaer vu Mäerzeg iwwer 70 Joer al goufen, wougéint déi an de [[Gilsdref]]er Steekaulen an deemselwechten Zäitraum, 1850-1900, meeschtens keng 60 Joer al goufen. 1860 goufen dei éischt Steekaulen zougemaacht. Nom [[Éischte Weltkrich]] hunn dunn och Steebréch vun Diederich, Wagner an Agnès opgehalen. De Stébroch Gilson huet nach bis nom [[Zweete Weltkrich]] funktionnéiert. Nom Peter Gilson <ref> ''Tagebuch vum Peter Gilson 1979 ''</ref> gebuer 1897 huet säi Papp de Franz Gilson tëschent 1898 an 1900 38 Leit, Steekläpper an Aarbechter ënner Loun gehat. -Zeg Fouerleit haten do och hire Verdéngscht. Fir déi nei Kierch vun [[Martelange]] hu missen 200 Meterkipp[[Kubikmeter]] gefouert ginn. Och [[Uerschdref]] an [[Iischpelt]] krute Steng geliwwert fir de Bau vun hire Kierchen. D'Aarbechter hunn all zu Uewermäerzeg gewunnt, well et vun do méi no war bis an d'Steebréch. ⏎ ⏎ Am [[Zweete Weltkrich]] huet Mäerzeg schwéier gelidden. 67 Haiser waren duerch Beschoss schwéier beschiedegt. 10 Haiser ware komplett zerstéiert.<ref>D' ''Livre d'Or des victimes luxembourgeoise de la guerre de 1940-1945'' (Ed. Ministère de l'Intérieur), nennt fir d'Gemeng 10 Doudesaffer ''Mort pour la Patrie''.</ref> ⏎ === Bevëlkerung= == D'Entwécklung vun der Bevëlkerung vu Mäerzeg:<ref>''Statistiques Historiques 1839-1989, STATEC.1990.p.16.''</ref> *1839: 837 *1851: 1052 *1865: 1094 *1880: 952 *1890: 879 *1900: 816 *1910: 807 *1922: 817 *1930: 757 *1935: 705 *1947: 702 *1960: 746 *1970: 814 *1981: 920 *2006: 1555 <ref>''Guide Communal et Administratif.2006. p,230''</ref> Ee vun de bekanntsten Awunner vu Mäerzeg war de Moler [[Sosthène Weis]]. Säin Elterenhaus d'''Wäissenhaus'' ass dat haitegt Gemengenhaus. Do si 6 vun sengen Aquarellen ausgestallt. All d'Awunner vu Mäerzeg, déi tëschent 1675 an 1923 gebuer sinn, fënnt een um Internet-Site vum [[Rob Deltgen]].<ref> http://www.deltgen.com</ref> === Wopen= == Beschreiwung vum Wopen: ''d'azur à la bande vivrée d'argent, au flanc senestre l'aigle romaine; au chef d'or chargé de trois pics à pointe "grain d'orge" de sable''. == Zu Mäerzeg gebuer == * [[Sosthène Weis]], Moler an Architekt ==Interkommunal Syndikater== * [[SICONA-Centre]] * [[Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires du nord|SIDEN]] * [[Syndicat intercommunal pour yndicat de distribution d'eau des Ardennes|DEA]] * [[SICONA-Centre]] * [[SIDEN]] * [[SIDEC]] * [[SYVICOL]] == Jumela gestion des déchets provenant de la région de Diekirch, Ettelbruck et Colmar-Berg|SIDEC]] == * Vöcklamarkt an {{AUT}} ==Biller== <gallery> Fichier:Mäerzeg-Gemengenhaus.jpg|D'Gemengenhaus Fichier:Mäerzeg-an-Märten.jpg |''A Märten'' Fichier:Mäerzeg-alte-Primärschule Foto Rob.DELTGEN .jpg|Al Primärschoul Fichier:Mertzig, 6, rue de l'école.jpg|6, Schoulstrooss File:Mäerzeg-Nei Schoul.jpg|D'neit Schoulgebai </gallery> ⏎ ⏎ == Kuckt och == * [[Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Mäerzeg]] ⏎ ⏎ {{Kuckt och Lëschten Lëtzebuerg}} == Um Spaweck == {{commonscat|Mertzig|Mäerzeg}} * [http://www.mertzig.lu Offiziell Säit vun der Gemeng Mäerzeg] * [http://www.syvicol.lu/annuaire/detail_commune.php?commune=73 Syvicol] {{Referenzen}}⏎ ⏎ {{Gemengen am Kanton Dikrech}}⏎ {{Referenzen}} [[Kategorie:Uertschaften zu Lëtzebuerg|Maerzeg]] [[Kategorie:Gemeng Mäerzeg| ]] [[Kategorie:Gemengen zu Lëtzebuerg|Maerzeg]] [[als:Mäerzeg]] [[be:Мерцыг, Люксембург]] [[be-x-old:Мэрцыг (Люксэмбург)]] [[ca:Mertzig]] [[da:Mertzig]] [[de:Mertzig]] [[en:Mertzig]] [[fa:مرتزیگ]] [[fr:Mertzig]] [[it:Mertzig]] [[lt:Mercigas]] [[nl:Mertzig]] [[no:Mertzig]] [[pl:Mertzig]] [[pt:Mertzig]] [[ru:Мерциг (Люксембург)]] [[sk:Mertzig]] [[uk:Мерциг]] All content in the above text box is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike license Version 4 and was originally sourced from https://lb.wikipedia.org/w/index.php?diff=prev&oldid=1470227.
![]() ![]() This site is not affiliated with or endorsed in any way by the Wikimedia Foundation or any of its affiliates. In fact, we fucking despise them.
|