Difference between revisions 1492652 and 1544895 on lbwiki

{{skizz}}
[[Filechier:MHVL2008.jpg|thumb|200px|De Stater Geschichtsmusée, Mee 2008.]]
[[Filechier:Luxembourg City courtyard Musée d'histoire de la ville.jpg|300px|thumb|Haff vum Musée, mat der [[Bluttbuch am Haff vum Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg|bemierkenswäerter Bluttbuch]].]]
De '''Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg''', ofiziell ''Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg'' ass ee [[Musée]], dee vun der [[Stad Lëtzebuerg]] ageriicht gouf.

E gouf am Juni [[1996]] ageweit a besteet, aus enger permanenter Ausstellung iwwert d'[[Geschicht]] vun der Stad, a Raimlechkeeten, déi fir zäitweileg Ausstellunge benotzt ginn. 

En ass an engem Ensembel vu véier ale Biergerhaiser aus dem [[17. Joerhonnert|17.]] bis [[19. Joerhonnert]] an der Helleg-Geescht-Strooss ageriicht, déi restauréiert an deelweis ëmgebaut goufen. D'Haaptgebai war vu 1732 bis 1797 de [[Refuge vun der Abtei Orval]], a vun 1903 bis 1994 de [[Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg]].

== Kuckt och ==
*[[Bluttbuch am Haff vum Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg|Déi bemierkenswäert Bluttbuch am Haff vum Musée]]
* [[Lëscht vu lëtzebuergesche Muséeën]]

== Um Spaweck ==
{{Commonscat|Musée d'histoire de la Ville de Luxembourg|Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg}}
* [http://www.mhvl.lu/ Site vum Musée]

[[cKategoryie:Muséeën zu Lëtzebuerg|Geschichtsmusée]]
[[Kategorie:Gebaier an der Stad Lëtzebuerg]]
[[Kategorie:Uewerstad]]


[[cKategoryie:Stad Lëtzebuerg]]