Difference between revisions 1555848 and 1556139 on lbwiki

D'Verfügbarkeet vun enger Rëtsch Hydrid-Komplexer huet de Problem vun der selektiver Reduktioun vu Substanze vereinfacht. Bal all polar Funktiounsgrupp ka reduzéiert ginn duerch déi richteg Wiel vum [[Hydrid]]. En anere Virdeel vun der Hydrid-Reduktioun ass, datt een d'[[Geometrie (Chimie)|Geometrie]] ka kontrolléieren, an dat duerch déi richteg Wiel vun de Reaktiounskonditiounen.

== Reduktioun mat Hëllef vu Lithium-Aluminium-Hydrid ==

Dee Komplex, deen am meeschte kann agesat gëtt, ass de [[Lithium-Aluminium-Hydrid]]. En ass reaktif genuch fir Carboxylat-Ione zou Primär-Alkoholer ze reduzéieren a kann natierlech och fir Substanze gebraucht ginn, déi méi einfach ze reduzéiere sinn. Déi héich Réaktiviteit ass verbonne mat enger gewëssener Geféierlechkeet vum [[Reagent]]. Eng Reaktioun stellt sech direkt mat Léisungsmëttel, déi protonesch sinn (d. h. déi H+ ofsënnere kënne wéi [[Chloroform]], [[Alkohol]], [[Waasser]] asw.) an et kann zu enger spontaner Explosioun oder zu engem Brand kommen. 

''Beispiller'' 
* 1,6-HEXANEDIOL aus DlETHYL AOIPATE (1,5-bis(ethylperoxy)pentane)

<center>[[Fichier:Reduktioun1.png|500px|thumb|none| Reduktioun vun 1,5-bis(ethylperoxy)pentane]]</center>

(contracted; show full)
31. C. Djerassi and J. Gutzwiller, /. Amer. Chem. Soc. 88, 4537 (1966).

32. A. J. Birch and K. A. M. Walker, Tetrahedron Lett., p.&nbsp;3457 (1967).

33. RICHARD S. MONSON an "Advanced Organic Synthesis", Rhadon (1971).

[[Kategorie:Chimie]]