Difference between revisions 1840366 and 1857801 on lbwiki{{Haaptartikel|Paräis}} [[Fichier:Cathédrale Notre-Dame de Paris - 12.jpg|thumb|300px|Notre-Dame de Paris]] Déi fréier Abteikierch ''[[Saint-Germain des Prés]]'' um ''Boulevard Saint-Germain'' (6. Arrdt.) erënnert dodrun, datt de [[Frankeräich|fränkesche]] Kinnek [[Childebert I.]] aus dem Geschlecht vun de [[Merowenger]], e Jong vum [[Clovis I. vu Frankräich|Clovis I.]] hei am Joer [[557]] eng Abtei gegrënnt huet, déi méi spéit eng grouss Bedeitung krut. De Portaltuerm vun der haiteger Kierch an déi ënnescht Beräicher vun de Kiercheschëffer stamen aus dem [[11. Joerhonnert]], de Chouer gouf am Joer [[1163]] vum Poopst [[Alexander II. (Poopst)|Alexander II.]] ageweit. De Bau gouf bis zum [[17. Joerhonnert]] e puer Mmol ëmgebaut. D'Wandmolereien um Kiercheschëff gouf am [[19. Joerhonnert]] vum [[Hippolyte Flandrin]] geschaf. D'Kathedral ''[[Notre Dame de Paris]]'' op der ''Île de la Cité'' (4. Arrdt.) ass eng vun de fréiste [[Gotik|gotesche]] Kathedrale vu [[Frankräich]]. Si ass der [[Mutter Gottes|Maria]], der Mamm [[Jesus vun Nazareth|Jesu]], geweit. De Bau gouf am Joer [[1163]] ënner dem Bëschof Maurice de Sully ugefaangen, an eréischt [[1345]] fäerdeggestallt. D'Ausmoosse vum Kiercheschëff sinn 130 Meter molKiercheschëff miesst 130 op 48 Meter bei enger Héicht vu 35 Meter. Mat der Emporem [[Duxall]] huet Notre Dame Plaz fir 9000 Leit. Déi zwéin Tierm sinn 69 Meter héich, den [[Daachreider]] 90 Meter. D'Kierch ''[[Saint Germain-l'Auxerrois]]'' nieft dem [[Louvre]] (1. Arrdt.) staamt an hire Grondzich nach aus der Zäit vun der [[Romanik]] am 12. Joerhonnert. Si huet allerdéngs souwuel e gotescht Striewwierk wéi och en héichgotescht Portal. D'Ubauten an Tierm vun dëser Kierch stamen aus dem [[Barock]]. Dës Kierch, déi vis-à-vis vum Westportal vum Louvre an domat um wes(contracted; show full) sech an engem Concours géint 78 aner Participanten duerchgesat hat, an deem säin Entworf däitlech vum réimesch-byzantinesche Stil vun ale Kierche wéi der [[Hagia Sophia]] inspiréiert war. Den Abadie ass schonn [[1884]] gestuerwen, wéi d'Bauaarbechte grad ugefaangen haten. Sechs aner Architekten hunn déi weider Leedung iwwerholl, bis de Bau [[1914]] fäerdeggestallt konnt ginn. == Um Spaweck == {{Commons|Category:Churches in Paris|Paräisser reliéis Gebaier}} [[Kategorie:Reliéis Gebaier zu Paräis|!]] All content in the above text box is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike license Version 4 and was originally sourced from https://lb.wikipedia.org/w/index.php?diff=prev&oldid=1857801.
![]() ![]() This site is not affiliated with or endorsed in any way by the Wikimedia Foundation or any of its affiliates. In fact, we fucking despise them.
|