Difference between revisions 1957227 and 2007455 on lbwiki

{{Haaptartikel|Paräis}}
[[Fichier:Cathédrale Notre-Dame de Paris - 12.jpg|thumb|300px|Notre-Dame de Paris]]
Déi fréier Abteikierch ''[[Saint-Germain des Prés]]'' um ''Boulevard Saint-Germain'' (6. Arrdt.) erënnert dodrun, datt de [[Frankeräich|fränkesche]] Kinnek [[Childebert I.]] aus dem Geschlecht vun de [[Merowenger]], e Jong vum [[Clovis I. vu Frankräich|Clovis I.]] hei am Joer [[557]] eng Abtei gegrënnt huet, déi méi spéit eng grouss Bedeitung krut. De Portaltuer(contracted; show full)h am "[[Zockerbäckerstil]]" gouf [[1875]] vum Architekte [[Paul Abadie]] ugefaangen, dee sech an engem Concours géint 78 aner Participanten duerchgesat hat, an deem säin Entworf däitlech vum réimesch-byzantinesche Stil vun ale Kierche wéi der [[Hagia Sophia]] inspiréiert war. Den Abadie ass schonn [[1884]] gestuerwen, wéi d'Bauaarbechte grad ugefaangen haten. Sechs aner Architekten hunn déi weider Leedung iwwerholl, bis de Bau [[1914]] fäerdeggestallt konnt ginn.

== Um Spaweck ==

{{Commons
|Category:cat|Churches in Paris|Paräisser reliéis Gebaier}}

[[Kategorie:Reliéis Gebaier zu Paräis|!]]