Difference between revisions 2149359 and 2149364 on lbwiki{{Iwwerschaffen}} {{Infobox Comic|Overlord(Manga)|[[File:Overlord Manga.jpg|thumb|Coverbild vun der 1. Ausgab vum Overlord Manga]] |{{JPN}} | [[Japanesch]], [[Englesch]] | [[26. November|26.11.]][[2014]] |[[Satoshi Ōshio]] |Hugin Miyama}} Den Overlord Manga baséiert sech op d’Light novel Serie mam selwechten Numm, vum Auteur Kugane Maruyama. D’Light Novel, déi säit 2010 verëffentlecht gëtt, huet duerch hire grousse Succès eng eegen Manga Adaptatioun kritt. Dësen Manga gëtt vum Satoshi Ōshio geschriwwen an vum Hugin Miyama gemoolt. En gëtt säit dem 26. November 2014 am Manga Magasinn Comp Ace vun Kadokawa Shoten erausbruecht<ref>https://www.animenewsnetwork.com/news/2014-10-25/over-lord-fantasy-rpg-light-novels-gets-manga/.80296</ref>. Den Manga, wei och d’Light Novel sinn an Nord Amerika vun Yen Press lizenzéiert an sinn do säit dem 8. November 2016 op Englesch am Handel. An den 3 Joer säit dem Start vum Manga, sinn insgesamt 10 Volummen Verëffentlecht ginn, den leschten um 26. Juli 2018. Den vun Yen Press an Nord Amerika lizenzéierten Manga, kennt op Englesch mat enger Verzögerung vun bis zu 1 Joer. Et handelt sech bei der Geschicht em den Dark Fantasy Genre, bei deem déi däischter an beängschtegend Aspekter vun dem Fantasteschen gebraucht ginn. ⏎ ⏎ === Handlung === Am Joer 2126 ass den DMMO-RPG (Dive Massively Multiplayer Online Role Playing Game) YGGDRASIL verëffentlecht ginn. Duerch den Spiller hiren héijen Afloss op d’Spill huet dëst 12 Joer laang een héijen Succès genoss. Et sollen awer elo no dëser laanger Zäit d’Serveren erofgefuer ginn. An dësem Spill existéiert eng Gild mat Numm « Ainz Ooal Gown », déi eng kéier aus 41 Memberen bestanen huet an zu engen vun den stäerksten am Spill gehéiert huet. Vun den 41 originalen Memberen spillen nëmmen nach 4 aktiv, ënnert anerem een Elder Lich, den Momonga den Gildmeeschter. Hien waart als eenzegen vun der Gild op den Shut-down vun den Serveren, an gesäit an, dass seng Kollegen hirem Aarbechtsliewen Prioritéit ginn. Den Timer leeft of an den Momonga befënnt sech ëmmer nach am Spill. En plus gesäit et aus, wéi wann YGGDRASIL als eegen Realitéit géif existéieren an den Momonga an dëser Welt an sengem Spill-Avatar gefaangen wier. Ëmginn vun den NPCs, déi sech Mënschenähnlech verhalen, wat am Spill onméiglech war, probéiert den Momonga Spiller Funktiounen, wéi z.B. sech auszeloggen. An dëser Welt gestrandet well en wëssen, ob en den eenzegen ass, deen an der neier Welt ass. En hëlt den bekannten Numm Ainz Ool Gown un, an wärend d’Sécherheet vun senger Gild Nazarick ze garantéieren probéiert en erauszefannen wat passéiert ass. Ouni Frënn, Famill oder Plaz an der Gesellschaft, probéiert dësen Mann am Kierper vun engem Avatar, Mathëllef vun den elo liewegen NPCs d’Welt ze iwwerhuelen. ⏎ ⏎ === Wuert Erklärung === ===== NPC ===== Am Spill YGGDRASIL gëtt et eng héich Upassungsfäegkeet, d’Ausgesinn vun allen Avataren wei och NPCs ass den Spiller iwwerlooss. Am Spill war et méiglech NPCs eegen Geschichten an Charakteren zouzeschreiwen, och wann dëst duerch d’KI begrenzt war, well NPCs konnten zum Beispill nëmmen gespäichert Sätz soen oder Handlungen maachen. An der neier Welt ukomm, sinn d’NPCs capabel komplett frei ze schwätzen sech ze beweegen an ze denken, hier Charakteren sinn awer identesch(contracted; show full)| 10 || 26. Juli 2018 || 978-4-04-107168-7 || 21. Mee 2019 || 978-1-9753-5739-9<ref>http://www.b2c.hachettebookgroup.com/titles/none/overlord-vol-10-manga/9781975357399/?yen</ref> |- |} === Referenzen === <references/> All content in the above text box is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike license Version 4 and was originally sourced from https://lb.wikipedia.org/w/index.php?diff=prev&oldid=2149364.
![]() ![]() This site is not affiliated with or endorsed in any way by the Wikimedia Foundation or any of its affiliates. In fact, we fucking despise them.
|