Difference between revisions 2149953 and 2149955 on lbwiki

{{Iwwerschaffen}}
{{Infobox Comic|Overlord(Manga)|[[File:Overlord Manga.jpg|thumb|Coverbild vun der 1. Ausgab vum Overlord Manga]] |{{JPN}} | [[Japanesch]], [[Englesch]] | [[26. November|26.11.]][[2014]] |[[Satoshi Ōshio]] |Hugin Miyama}}

Den Overlord [[Manga]] baséiert sech op d’Light novel Serie mam selwechten Numm, vum Auteur Kugane Maruyama. D’[[Light Novel]], déi säit 2010 verëffentlecht gëtt, huet duerch hire grousse Succès eng eegen Manga Adaptatioun kritt. Dësen Manga gëtt vum [[Satoshi Ōshio]] geschriwwen an vum [[Hugin Miyama]] gemoolt. En gëtt säit dem 26. November 2014 am Manga Magasinn Comp Ace vun Kadokawa Shoten erausbruecht<ref>https://www.animenewsnetwork.com/news/2014-10-25/over-lord-fantasy-rpg-light-novels-gets-manga/.80296</ref>. Den Manga, wei och d’Light Novel sinn an Nord Amerika vun [[Yen Press]] lizenzéiert an sinn do säit dem 8. November 2016 op Englesch am Handel. An den 3 Joer säit dem Start vum Manga, sinn insgesamt 10 Volummen Verëffentlecht ginn, den leschten um 26. Juli 2018. Den vun Yen Press an Nord Amerika lizenzéierten Manga, kennt op Englesch mat enger Verzögerung vun bis zu 1 Joer. Et handelt sech bei der Geschicht em den Dark Fantasy Genre, bei deem déi däischter an beängschtegend Aspekter vun dem Fantasteschen gebraucht ginn.


=== Handlung ===
Am Joer 2126 ass den DMMO-RPG (Dive Massively Multiplayer Online Role Playing Game) YGGDRASIL verëffentlecht ginn. Duerch den Spiller hiren héijen Afloss op d’Spill huet dëst 12 Joer laang een héijen Succès genoss. Et sollen awer elo no dëser laanger Zäit d’Serveren erofgefuer ginn. An dësem Spill existéiert eng Gild mat Numm « Ainz Ooal Gown », déi eng kéier aus 41 Memberen bestanen huet an zu engen vun den stäerksten am Spill gehéiert huet. Vun den 41 originalen Memberen spillen nëmmen nach 4 aktiv, ënnert anerem een [[Elder Lich]], den Momonga den Gildmeeschter. Hien waart als eenzegen vun der Gild op den Shut-down vun den Serveren, an gesäit an, dass seng Kollegen hirem Aarbechtsliewen Prioritéit ginn.

  Den Timer leeft of an den Momonga befënnt sech ëmmer nach am Spill. En plus gesäit et aus, wéi wann YGGDRASIL als eegen Realitéit géif existéieren an den Momonga an dëser Welt an sengem Spill-[[Avatar]] gefaangen wier. Ëmginn vun den [[NPC]]<nowiki/>s, déi sech Mënschenähnlech verhalen, wat am Spill onméiglech war, probéiert den Momonga Spiller Funktiounen, wéi z.B. sech auszeloggen. An dëser Welt gestrandet well en wëssen, ob en den eenzegen ass, deen an der neier Welt ass. En hëlt den bekannten Numm Ainz Ool Gown un, an wärend d’Sécherheet vun senger Gild Nazarick ze garantéieren probéiert en erauszefannen wat passéiert ass. Ouni Frënn, Famill oder Plaz an der Gesellschaft, probéiert dësen Mann am Kierper vun engem Avatar, Mathëllef vun den elo liewegen NPCs d’Welt ze iwwerhuelen.



=== Wuert Erklärung ===

===== NPC =====
Am Spill YGGDRASIL gëtt et eng héich Upassungsfäegkeet, d’Ausgesinn vun allen Avataren wei och NPCs ass den Spiller iwwerlooss. Am Spill war et méiglech NPCs eegen Geschichten an Charakteren zouzeschreiwen, och wann dëst duerch d’KI[[KI]] begrenzt war, well NPCs konnten zum Beispill nëmmen gespäichert Sätz soen oder Handlungen maachen. An der neier Welt ukomm, sinn d’NPCs capabel komplett frei ze schwätzen sech ze beweegen an ze denken, hier Charakteren sinn awer identesch mat deenen di vun den Spiller festgeluecht goufen. Si nennen den Ainz „Supreme Being“, an denken, dass hien immens intelligent an onfeelbar ass.

===== Floor Guardians: =====
D’Stack Gardienen, oder Floor Guardians (階層守護者 Kaisō Gādian) sinn 8 NPCs déi als Gardienen fonctionnéieren. Si gehéieren zu den stäerksten Existenzen an Nazarick, verschiddener sinn souguer méi staark wie den Ainz.

  Nodeems si an di nei Welt komm sinn, sinn si lieweg ginn, mat hiren Personalitéiten op hiren Hannergeschichten opgebaut. Si hunn een groussen Afloss iwwer Nazarick, well si de Chef vun hirem respektivem Stack sinn. Si sinn trotzdeem komplett loyal zum Ainz bliwwen.

===== Great Tomb of Nazarick =====
D’Grousst Graf vun Nazarick (ナザリック地下大墳墓 Nazarikku Chika Dai Funbo), normalerweis Nazarick genannt, ass d’Gildgebäi vun Ainz Ool Gown (アインズ・ウール・ゴウン Ainzu Ūru Goun) an YGGDRASIL. D’Gild déi PK bedriwwen huet ass zwar oft ugegraff ginn, et huet awer ni een et fäerdeg bruecht den ganzen Gildkomplex anzehuelen. Nazarick ass eng ënnerierdesch [[Nekropolis]], déi 10 Stäck an Déift geet. All Stack existéiert separat vun den aneren an huet säin eegent Thema, wei z.B.:  Lava, Djungel, Séi oder [[Katakomben.
]]. Nodeems Nazarick mat dem Ainz an den NPCs an déi nei Welt transportéiert ginn ass, war déi eicht Prioritéit d’Basis ze verstäerken an Informatiounen vun dobaussen ze kréien. NPC’en déi lieweg ginn sinn an hier eegen Personalitéiten hunn verstinn seng Preparatiounen falsch an mengen hien hätt wëlles d’Welt ze beherrschen. Den Ainz deen ze spéit reagéiert huet keng aner Wahl méi wei matzespillen.


=== Charakter-Lëscht ===

===== Ainz Ool Gown: (アインズ・ウール・ゴウン Ainzu Ūru Goun) =====
Den Protagonist an den eenzegen hannerbliwwenen Member vun der Gild Ainz Ool Gown. An der richteger Welt war hien een einfachen Salarié deen een VR[[VR]] online Spill spillt, awer an der neier Welt decidéiert hien säin Numm bekannt ze maachen fir seng Kollegen ze fannen. Fir dës Sich méi einfach ze maachen, ännert hien säin Numm vun Momonga (モモンガ)op Ainz Ool Gown. Een vun sengen Kommentaren ass mëssverstanen ginn als Wonsch d’Welt ze beherrschen, hien wiisst awer an seng Roll als Herrscher eran an decidéiert een Kinnekräich ze grënnen, an deem Mënschen an Net-Mënschen gläich behandelt ginn. Hien huet de Kierper vun engem „Lich“, engem Skelett an muss net ie(contracted; show full)n Engelen, Enochesch. Duerch een Mageschen Effekt, gëtt wat hien probéiert ze soen awer verständlech eriwwer bruecht. Hien ass di läscht Defense vun Nazarick, mat senger eenzegen Fäegkeet di een Instant-kill self-destruct ass, hien also sech an eng spezifesch aner Persoun zerstéiert. Hien ass trotz senger Funktioun bescheiden, an gleeft säin Liewenssënn wier et Ainz Ool Gown ze déngen.

===== Garagantua (ガルガンチュア Garuganchua)=====
De Gargantua ass de Gardien vum véierten Stack. Et handelt sech em een Steen-
[[Golem]] deen iwwer 30 Meter héich ass. Am Verglach mat den aneren NPCs ass hien net een kreéierten NPC, huet also keng eegen Personalitéit oder freie Wellen an der Neier Welt. De Gargantua ass statistesch gesinn den stäerksten Floor Guardian, awer Duerch seng limitéiert Intelligenz an seng Ofhängegkeet op Befeeler, fält seng stäerkt.


=== Statistik ===
(contracted; show full)| 10 || 26. Juli 2018 || 978-4-04-107168-7 || 21. Mee 2019 || 978-1-9753-5739-9<ref>http://www.b2c.hachettebookgroup.com/titles/none/overlord-vol-10-manga/9781975357399/?yen</ref>
|-

|}


=== Referenzen ===
<references/>