Difference between revisions 2174145 and 2174194 on lbwiki{{Haaptartikel|Paräis}} [[Fichier:Cathédrale Notre-Dame de Paris - 12.jpg|thumb|300px|Notre-Dame de Paris]] Déi fréier Abteikierch ''[[Abteikierch Saint-Germain-des-Prés|Saint-Germain-des-Prés]]'' um ''Boulevard Saint-Germain'' (6. Arrdt.) erënnert dodrun, datt de [[Frankeräich|fränkesche]] Kinnek [[Childebert I.]] aus dem Geschlecht vun de [[Merowenger]], e Jong vum [[Clovis I. vu Frankräich|Clovis I.]] hei am Joer [[557]] eng Abtei gegrënnt huet, déi méi spéit eng g(contracted; show full)d Saint-Germain'' (6. Arrdt.) ass dem hellege [[Sulpicius II. vu Bourges]] geweit. Si ersetzt e romanesche Virgängerbau aus dem Ufank vum [[13. Joerhonnert]]. D'Aarbechten un der haiteger Kierch hunn am Joer [[1649]] ugefaangen, mä konnten duerch politesch a finanziell Schwieregkeeten eréischt am [[18. Joerhonnert]] fäerdeggestallt ginn. D'[[Klassizismus|klassizistesch]] Zich vun der Kierch huet den [[Giovanni Servandoni]] am Joer [[1732]] entworf. D'Palaiskapell [[Sainte-Chapelle vu Paräis|Sainte-Chapelle]] am [[Palais de la Cité]] (1. Arrdt.) net wäit vun der Kathedral ewech gouf vum [[Louis IX. vu Frankräich|Saint Louis]] an den [[1240]]er Jore baue gelooss, fir wäertvoll [[Reliquie]]n opzehuelen: d'Därekroun Christi an Deeler vum Kräiz. D'Kapell ass e gutt Beispill fir de [[Gotik|gotesche]] ''style rayonnant'' vum [[13. Joerhonnert]] a gehéiert zu de schéinste Baumonumenter aus der Gotik. De gréissten Deel vun de Mauere gëtt duerch faarweg Glasfënstere bedeckt. (contracted; show full)n, dee sech an engem Concours géint 78 aner Participanten duerchgesat hat, an deem säin Entworf däitlech vum réimesch-byzantinesche Stil vun ale Kierche wéi der [[Hagia Sophia]] inspiréiert war. Den Abadie ass schonn [[1884]] gestuerwen, wéi d'Bauaarbechte grad ugefaangen haten. Sechs aner Architekten hunn déi weider Leedung iwwerholl, bis de Bau [[1914]] fäerdeggestallt konnt ginn. == Um Spaweck == {{Commonscat|Churches in Paris|Paräisser reliéis Gebaier}} [[Kategorie:Reliéis Gebaier zu Paräis|!]] All content in the above text box is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike license Version 4 and was originally sourced from https://lb.wikipedia.org/w/index.php?diff=prev&oldid=2174194.
![]() ![]() This site is not affiliated with or endorsed in any way by the Wikimedia Foundation or any of its affiliates. In fact, we fucking despise them.
|