Revision 1350786 of "Joe Thein" on lbwiki
De '''Joe Thein''', gebuer de [[17. Juli]] [[1991]] zu [[Esch-Uelzecht]], ass ee [[Lëtzebuerg (Land)|lëtzebuergesche]] Lycéesschüler, [[Konservatismus|konservativen]] [[Alternativ Demokratesch Reformpartei|ADR]]-Politiker, [[Gemengerot|Gemengeconseiller]] vu Péiteng a Vizepresident vun der [[adrenalin, déi jonk adr]].
Hien ass an der [[Minettsgéigend]] an der [[Gemeng Péiteng]] opgewuess, wou hien ee Joer zu Péiteng, an duerno zu [[Lamadelaine|Rolleng]] gewunnt huet.
No der Primärschoul zu Rolleng war hien am [[Lycée technique d'Esch-sur-Alzette]]. Den Ament léiert hie [[Commerce]] am [[Lycée technique Mathias-Adam]] zu Péiteng.
En huet sech politesch staark um [[Konservatismus]] orientéiert, enger politescher Léier déi op den [[Edmund Burke]] zréckgeet.
== Politesch Carrière ==
De 14. Juli 2008 gouf hie Member an der [[Alternativ Demokratesch Reformpartei]] (ADR) an den 8. Mai 2009 vun hirer Jugendsektioun [[adrenalin, déi jonk adr]].
Mat just enger kuerzer, periodescher Ënnerbriechung, konnt hien zanter dem 13. Februar 2010 d'Mandat vum Vizepresident vun der [[adrenalin, déi jonk adr]] verdeedegen. Hie gouf op allen Nationalkongresser op säi Posten zréckgewielt.
Säit dem 8. Mäerz 2010 vertrëtt hien och de Südbezierk am ADR-Nationalvirstand. Hie war ausserdem säit dem 6. Dezember 2010 Sekretär vun der Sektioun Kordall, bis en uschléissend den 19. Januar 2012 zum Vizepresident vun der Sektioun Péiteng gewielt gouf.
== Gemengerotswalen 2011 ==
Bei de [[Gemengewalen (Lëtzebuerg)|Gemengewale vum 9. Oktober 2011]] gouf hien an de Gemengerot vu Péiteng gewielt. <br>
Hie gouf dobäi mat 403 Stëmmen (dovunner 230 Lëschtestëmmen) Éischtgewielten op der ADR-Lëscht, déi och fir d'éischt e Vertrieder an de Péitenger Gemengerot konnt schécken.
Hien ass an der Kulturkomissioun an Delegéierte vun der [[Borne du Passeur]].
Hie vertrëtt ausserdem d'adrenalin déi jonk adr als Délégéierten an der [[EYC]] (European Young Conservatives), dem Jugendverband vun der [[AECR]] (Alliance of European Conservatives and Reformists).<ref>[http://www.adr.lu/partei/adrenalin-dei-jonk-adr/266-joelle-giannotte-vize-praesidentin-der-eyc "Joelle Giannotte Vize-Praesidentin der EYC" adr.lu]</ref>
== Aner Memberschaften ==
* ALPA (''[[Association luxembourgeoise pour la protection des animaux]]''),
* GKAf (''[[D'Georges-Kayser-Altertumsfuerscher]]'') ,
* Histpeta (''Geschichtsfrënn Péiteng''),
* AL (''[[Actioun Lëtzebuergesch]]'').
* [[Borne du Passeur]]
== Um Spaweck ==
* [http://www.joethein.lu D'Websäit vum Joe Thein]
{{Referenzen}}
{{DEFAULTSORT:Thein Joe}}
[[Kategorie:Gebuer 1991]]
[[Kategorie:Politiker (Lëtzebuerg)]]All content in the above text box is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike license Version 4 and was originally sourced from https://lb.wikipedia.org/w/index.php?oldid=1350786.
![]() ![]() This site is not affiliated with or endorsed in any way by the Wikimedia Foundation or any of its affiliates. In fact, we fucking despise them.
|