Revision 1378925 of "Joe Thein" on lbwiki

[[File:Joe Thein (Politiker).jpg|thumb|De Joe Thein]]
De '''Joe Thein''', gebuer de [[17. Juli]] [[1991]] zu [[Esch-Uelzecht]], ass ee [[Lëtzebuerg (Land)|lëtzebuergesche]]  [[Konservatismus|konservativen]] [[Alternativ Demokratesch Reformpartei|ADR]]-Politiker.

Hien ass an der [[Gemeng Péiteng]] opgewuess. No der Primärschoul zu [[Rolleng (Péiteng)|Rolleng]] war hien am [[Lycée technique d'Esch-sur-Alzette]]. Den Ament léiert hie [[Commerce]] am [[Lycée technique Mathias-Adam]]. 

En huet sech politesch staark um [[Konservatismus]] orientéiert, enger politescher Léier déi op den [[Edmund Burke]] zréckgeet.

== Politesch Carrière ==
De 14. Juli 2008 gouf hie Member an der [[Alternativ Demokratesch Reformpartei|ADR]] an den 8. Mai 2009 vun däer hirer Jugendsektioun [[adrenalin, déi jonk adr]].

Mat enger kuerzer Ënnerbriechung konnt hien zanter dem 13. Februar 2010 d'Mandat vum Vizepresident vun der ''adrenalin, déi jonk adr'' verdeedegen.

Zënter dem 8. Mäerz 2010 vertrëtt hien de Südbezierk am ADR-Nationalvirstand. Hie war ausserdem säit dem 6. Dezember 2010 Sekretär vun der Sektioun Kordall bis en uschléissend, den 19. Januar 2012, zum Vizepresident vun der Sektioun Péiteng gewielt gouf.

Hie vertrëtt d'''adrenalin, déi jonk adr'' als Delegéierten an der [[EYC]] (European Young Conservatives), dem Jugendverband vun der [[AECR]] (Alliance of European Conservatives and Reformists)<ref>[http://www.adr.lu/partei/adrenalin-dei-jonk-adr/266-joelle-giannotte-vize-praesidentin-der-eyc "Joelle Giannotte Vize-Praesidentin der EYC" adr.lu]</ref>.

== Gemengewalen 2011 ==
Bei de [[Gemengewalen (Lëtzebuerg)|Gemengewale vum 9. Oktober 2011]] gouf hien an de Gemengerot vu Péiteng gewielt. <br>
Hie gouf dobäi mat 403 Stëmmen (dovunner 230 Lëschtestëmmen) Éischtgewielten op der ADR-Lëscht, déi och fir d'éischt e Vertrieder an de Péitenger Gemengerot konnt schécken.

Hien ass an der Kulturkomissioun an Delegéierte vun der [[Borne du Passeur]]. 

== Aner Memberschaften ==
* ALPA (''[[Association luxembourgeoise pour la protection des animaux]]''),
* GKAf (''[[D'Georges-Kayser-Altertumsfuerscher]]'') ,
* Histpeta (''Geschichtsfrënn Péiteng''),
* AL (''[[Actioun Lëtzebuergesch]]'').
* [[Borne du Passeur]]

== Um Spaweck ==
* [http://www.joethein.lu D'Websäit vum Joe Thein]

{{Referenzen}}

{{DEFAULTSORT:Thein Joe}}
[[Kategorie:Gebuer 1991]]
[[Kategorie:Politiker (Lëtzebuerg)]]