Revision 1463331 of "Paräisser reliéis Gebaier" on lbwiki

{{Haaptartikel|Paräis}}
[[Fichier:Cathédrale Notre-Dame de Paris - 12.jpg|thumb|300px|Notre-Dame de Paris]]
Déi fréier Abteikierch ''[[Saint-Germain des Prés]]'' um ''Boulevard Saint-Germain'' (6. Arrdt.) erënnert dodrunner, datt de [[Frankeräich|fränkesche]] Kinnek [[Childebert I.]] aus dem Geschlecht vun de [[Merowinger]], e Jong vum [[Clovis I. vu Frankräich|Clovis I.]] hei am Joer [[557]] eng Abtei gegrënnt huet, déi spéider eng grouss Bedeitung krut. De Portaltuerm vun der haiteger Kierch an déi ënnescht Beräicher vun de Kiercheschëffer stamen aus dem [[11. Joerhonnert]], de Chouer gouf am Joer [[1163]] vum Poopst [[Alexander II. (Poopst)|Alexander II.]] ageweit. De Bau gouf bis zum [[17. Joerhonnert]] e puer Mol ëmgebaut. D'Wandmolereien um Kiercheschëff gouf am [[19. Joerhonnert]] vum [[Hippolyte Flandrin]] geschaf.

D'Kathedral ''[[Notre Dame de Paris]]'' op der ''Île de la Cité'' (4. Arrdt.) ass eng vun de fréiste [[Gotik|gotesche]] Kathedrale vu [[Frankräich]]. Si ass der [[Mutter Gottes|Maria]], der Mamm [[Jesus vun Nazareth|Jesu]], geweit. De Bau gouf am Joer [[1163]] ënnert dem Bëschof Maurice de Sully ugefaangen, an eréischt [[1345]] fäerdeggestallt. D'Ausmoosse vum Kiercheschëff sinn 130 Meter mol 48 Meter bei enger Héicht vu 35 Meter. Mat der Empore huet Notre Dame Plaz fir 9000 Leit. Déi zwéin Tierm sinn 69 Meter héich, den [[Daachreider]] 90 Meter. 

D'Kierch ''[[Saint Germain-l'Auxerrois]]'' nieft dem [[Louvre]] (1. Arrdt.) staamt an hire Grondzich nach aus der Zäit vun der [[Romanik]] am 12. Joerhonnert. Si huet allerdéngs souwuel e gotescht Striewwierk wéi och en héichgotescht Portal. D'Ubauten an Tierm vun dëser Kierch stamen aus dem [[Barock]]. Dës Kierch, déi vis-à-vis vum Westportal vum Louvre an domadder um westlechen Enn vun de Champs-Élysées läit ass dem Hellege Germain vun [[Auxerre]] geweit.

D'Parkierch ''[[Saint-Sulpice]]'' südlich vum ''Boulevard Saint-Germain'' (6. Arrdt.) ass dem Hellege [[Sulpicius II. vu Bourges]] geweit. Si ersetzt e romanesche Virgängerbau aus dem Ufank vum [[13. Joerhonnert]]. D'Aarbechten un der haiteger Kierch hunn am Joer [[1649]] ugefaangen, mä konnten duerch politesch a finanziell Schwieregkeeten eréischt am [[18. Joerhonnert]] fäerdeggestallt ginn. D'[[Klassizismus|klassizistesch]] Zich vun der Kierch huet den [[Giovanni Servandoni]] am Joer [[1732]] entworf.

D'Palaiskapell [[Sainte-Chapelle]] am [[Palais de la Cité]] (1. Arrdt.) net wäit vun der Kathedral ewech gouf vum [[Louis IX. vu Frankräich|Saint Louis]] an den [[1240]]er Jore baue gelooss, fir wäertvoll [[Reliquie]]n opzehuelen: d'Darekroun Christi an Deeler vum Kräiz. D'Kapell ass e gutt Beispill fir de [[Gotik|gotesche]] ''style rayonnant'' vum [[13. Joerhonnert]] a gehéiert zu de schéinste Baumonumenter aus der Gotik. De gréissten Deel vun de Mauere gëtt duerch faarweg Glasfënstere bedeckt.

[[Fichier:Sacre-coeur-paris.jpg|thumb|300px|left|Basilique du Sacré-Cœur]]

Den [[Invalidendoum|Dôme des Invalides]] gouf tëscht [[1670]] a [[1691]] vum [[Jules Hardouin-Mansart]] um lénksen Ufer vun der [[Seine]] gebaut (7. Arrdt.). Dës prächteg kinneklech Kuppelkierch ass, sou wéi d'Zaldotekierch ''Saint-Louis des Invalides'' en Deel vum ''Hôtel des Invalides'' an zielt zu de schéinste [[Barock-Klassizismus|barock-klassizistesche]] Baute vum Land. Bannendra gouf am [[19. Joerhonnert]] e majestätescht Graf fir de franséische Keeser [[Napoléon|Napoléon I.]] gebaut, deem seng Läich no senger Iwwerféierung aus [[Sankt Helena]] (1840) hei läit, sou wéi och verschidden aner wichteg Perséinlechkeeten.  

De Bau vun der Kierch ''[[La Madeleine]]'' nërdlech vun der ''[[Place de la Concorde]]'' (8. Arrdt.) huet [[1764]] nom Entworf vum Architekt Pierre Contant ugefaangen an huet am Dezember [[1791]] opgrond vun der [[Franséisch Revolutioun|Franséischer Revolutioun]] missen agestallt ginn. D'Aarbechte goufe vum Architekt [[Jacques-Marie Huvé]] ([[1783]]-[[1852]]) nees opgeholl an am Joer [[1842]] ofgeschloss, d'Konsekratioun war den [[9. Oktober]] [[1845]]. Den Intérieur staamt gréisstendeels aus de Joren [[1830]]-[[1840]]. Als besonnesch kuckeswäert gëllt d'Statu vun der [[Maria Magdalena]] vum [[Carlo Marochetti]]. D'Uergel vum franséischen Uergelbauer [[Aristide Cavaillé-Coll]] (1811-1899) zielt zu enger vun de klangvollste vun der Stad.

D'[[Basilique du Sacré-Cœur]] ass eng réimesch-kathoulesch [[Wallfahrtskierch]] um Hiwwel vu [[Montmartre]] an ass den zweethéchste Punkt vun der Stad nom [[Eiffeltuerm]]. De Bau vun der Kierch am "[[Zockerbäckerstil]]" gouf [[1875]] vum Architekte [[Paul Abadie]] ugefaangen, dee sech an engem Concours géint 78 aner Matbewerber duerchgesat hat, an deem säin Entworf däitlech vum réimesch-byzantinesche Stil vun ale Kierche wéi der [[Hagia Sophia]] inspiréiert war. Den Abadie ass schonn [[1884]] gestuerwen, wéi d'Bauaarbechte grad ugefaangen haten. Sechs aner Architekten hunn déi weider Leedung iwwerholl, bis de Bau [[1914]] fäerdeggestallt konnt ginn.

== Um Spaweck ==

{{Commons|Category:Churches in Paris|Paräisser reliéis Gebaier}}

[[Kategorie:Reliéis Gebaier zu Paräis|!]]

{{Link FA|he}}
{{Link FA|it}}

[[af:Notre Dame-katedraal]]
[[ar:كاتدرائية نوتردام دو باري (باريس)]]
[[az:Paris Məryəm Ana kilsəsi]]
[[bn:নোত্র্‌ দাম দ্য পারি]]
[[be-x-old:Сабор Парыскай Божай Маці]]
[[bg:Света Богородица (Париж)]]
[[bs:Notre-Dame de Paris]]
[[ca:Notre-Dame de París]]
[[cs:Katedrála Notre-Dame (Paříž)]]
[[cy:Notre-Dame de Paris]]
[[da:Notre Dame]]
[[de:Kathedrale Notre-Dame de Paris]]
[[et:Notre-Dame]]
[[el:Παναγία των Παρισίων]]
[[en:Notre Dame de Paris]]
[[es:Catedral de Notre Dame (París)]]
[[eo:Dipatrino de Parizo]]
[[eu:Parisko Notre-Dame katedrala]]
[[fa:کلیسای نوتردام پاریس]]
[[fr:Cathédrale Notre-Dame de Paris]]
[[fy:Notre Dame fan Parys]]
[[ga:Ardeaglais Notre Dame]]
[[gd:Notre Dame de Paris]]
[[gl:Catedral de Notre-Dame de París]]
[[ko:노트르담 대성당 (파리)]]
[[hy:Փարիզի Աստվածամոր տաճար]]
[[hr:Katedrala Notre-Dame u Parizu]]
[[id:Notre Dame de Paris]]
[[is:Notre Dame]]
[[it:Cattedrale di Notre-Dame]]
[[he:קתדרלת נוטרדאם (פריז)]]
[[ka:პარიზის ღვთისმშობლის ტაძარი]]
[[ku:Katedrala Notre Dame ya Parîsê]]
[[la:Ecclesia Cathedralis Nostrae Dominae Parisiensis]]
[[lv:Parīzes Dievmātes katedrāle]]
[[hu:Notre-Dame székesegyház (Párizs)]]
[[mk:Богородична црква (Париз)]]
[[ml:നോത്ര ദാം ദേവാലയം]]
[[mr:नोत्र देम दे पॅरिस]]
[[nl:Notre-Dame van Parijs]]
[[nds-nl:Notre-Dame van Paries]]
[[ja:ノートルダム大聖堂 (パリ)]]
[[no:Notre-Dame]]
[[nn:Notre-Dame de Paris]]
[[oc:Catedrau de Nosta Dauna de París]]
[[uz:Notre Dame Sobori]]
[[pnb:نوٹرڈیم ڈی پیرس]]
[[pl:Katedra Notre-Dame w Paryżu]]
[[pt:Catedral de Notre-Dame de Paris]]
[[ro:Notre-Dame de Paris]]
[[ru:Собор Парижской Богоматери]]
[[simple:Notre Dame de Paris]]
[[sk:Katedrála Notre-Dame (Paríž)]]
[[sr:Нотр Дам]]
[[sh:Notre Dame de Paris]]
[[fi:Notre Damen katedraali (Pariisi)]]
[[sv:Notre-Dame de Paris]]
[[ta:நோட்ரே டேம் டி பாரிஸ்]]
[[th:มหาวิหารน็อทร์-ดามแห่งปารีส]]
[[tr:Notre Dame Katedrali]]
[[uk:Собор Паризької Богоматері]]
[[vi:Nhà thờ Đức Bà Paris]]
[[war:Notre Dame de Paris]]
[[zh-yue:巴黎聖母院]]
[[zh:巴黎聖母院]]