Revision 1467950 of "Lëtzebuerger Waasserwirtschaft" on lbwiki{{skizzEco}}
D''''Lëtzebuerger Waasserwirtschaft''' a méi besonnesch d''''[[Drénkwaasser]]versuergung''' ass karakteriséiert duerch:
* een héije Waasserverbrauch vun 280l pro Dag a pro Kapp vun der Populatioun
* duerch d'Ofhuele vun de Reserve vun Quellewaasser, well de Waasserspigel am Buedeem fält, wat derzou gefouert huet, datt zënter dem Enn vu de sechzeger Joren d'Quellewaasser net méi duer geet, fir mam Konsum zu Lëtzebuerg Schrëtt ze halen. Haut ass de Waasserbedarf nëmme méi zu:
** 2/3 duerch Quellewaasser gedeckt a fir
** 1/3 muss op d'Uewerflächewaasser aus dem Stauséi vun Esch-Sauer zeréckgegraff ginn.
== Déi verschidde Facette vun der Waasserproblematik ==
Am Zesummenhang mat der Waasserwirtschaft stelle sech am eenzelne folgend Problemen:
* déi vum Approvisionnement vum Land mat genuch Waasser vun enger gudder Qualitéit iwwert d'Waassernetz,
* déi vun der Protectioun vun de Quellen an dem opbereete Waasser aus dem [[Stauséi Uewersauer|Barrage]] vun [[Esch-Sauer]], déi zur Waasserversuergung bäisteieren,
* d'Problemer vun der Regulatioun vun de Flëss, an domat déi vun der Bekämpfung vum Héichwaasser.
== D'Versuergung mat Drénkwaasser ==
=== De Waasserkonsum a seng Komponenten ===
Ongeféier 150.000 m³ lafen all Dag duerch dat ëffentlecht Netz. Dat sinn 280l pro Dag a pro Awunner, wéi de [[Centre de recherche public Henri-Tudor]] ausgerechent huet.
D'Waasser gëtt zu folgenden Zwecker zu Lëtzebuerg gebraucht (a %):<br>
[[Image:Waasserkonsum.jpg|center|420px]]
=== De Stauséi vun Esch-Sauer als Drénkwaasserreservoir ===
[[File:Stausei Uewersauer aerial.jpg|left|thumb|360px|De Stauséi vun Esch-Sauer]]
De [[Stauséi Uewersauer|Stauséi vun Esch-Sauer]] gouf um Enn vun de fofzeger Joren 1,2 km am Norde vun [[Esch-Sauer]] gebaut. Hie sollt een zweefachen Zweck erfëllen:
* d'Kapazitéie fir d'Produktioun vun elektreschem Stroum erhéijen,
* eng Reserve fir d'Opbreedung vun Drénkwaasser an
* eng Freizäitzon schafen.
Wann am Ufank d'Erhéijung vun der Stroumproduktioun méi am Virdergrond vun den Iwwerleeungen stoung, ass am Laf vun der Zäit d'Schafung vun zousätzlechen Drénkwaasserkapazitéiten ëmmer méi an de Virdergrond geréckelt.<br>
D'Gebitt, mat deem d'Waasser de Barrage vun Esch-Sauer opgefëllt gëtt, erstreckt sech iwwer eng Fläch vun 428 km², déi zu 64% an der [[Belsch]] an zu 36% zu [[Lëtzebuerg (Land)|Lëtzebuerg]] läit. De Stauséi selwer, huet, wann e ganz gefëllt ass, eng Kapazitéit vu 60 mio. m³, ass 19 km laang a bedeckt eng Fläch 380 ha. D'Exploitatioun vum Stauséi vun Esch-Sauer ass dem [[SEBES]] (Syndicat des Eaux du Barrage d'Esch-sur Sûre) iwwerdro ginn.
=== D'Missioun an d'Aktivitéien vum Service de la gestion de l'Eau ===
Seng Missioun, zesumme mam SEBES an den aneren Waassersyndicate vun de Gemenge besteet:
* An der Coordinatioun vun der allgemenger Waasserpolitik
* An der Gestioun an der Protection vun den natierleche Waasserressourcen
* Am Assainissement vum Waasser
* An der Gestioun vum Bulli dee bei der Epuratioun ufält
* An der Protectioun vun de Quellen
* An der Régulatioun, am Ënnerhalt an der Verbesserung vun de Flëssleef
* An der Tarificatioun vun de Waasserpräisser
* An der Zoustännegkeet fir d'Fëscherei
* An der Gestioun vum ''Plan d'eau'' vun der Uewersauer
== D'Protectioun vun de Quellen a vum Stauséi vun Esch-Sauer ==
== D'Epuratioun vun den Ofwässer ==
== D'Regulatioun vun de Flëss ==
== Kuckt och ==
* [[Waasser]]
== Um Spaweck ==
* [http://www.sebes.lu/ Säit vum SEBES]
* [http://www.crte.lu/mmp/online/website/content/water/76/131/159/index_FR.html Wéi de Centre de recherche public Henri-Tudor d'Wasserversuergung vun de Lëtzebuerger Stéit gesäit]
* [http://www.waasser.lu/gestion_de_leau/gestion.html Säit vum Innenministère iwwer d'Waaserwirtschaft]
* [http://www.unesco.org/water/wwap/wwdr/table_contents.shtml Waasserrapport vun der UNESCO: ''Water for People'', (engl.)]
[[Kategorie:Economie]]
[[category:waasser]]All content in the above text box is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike license Version 4 and was originally sourced from https://lb.wikipedia.org/w/index.php?oldid=1467950.
![]() ![]() This site is not affiliated with or endorsed in any way by the Wikimedia Foundation or any of its affiliates. In fact, we fucking despise them.
|