Revision 1477565 of "Irakkrich" on lbwikiDen '''Irakkrich''' (offiziell [[Englesch|engl]]. Bezeechnung: ''Operation Iraqi Freedom'', op lëtz.: ''Operatioun Irakesch Fräiheet''), wéinst der Chronologie vu fréieren irakesche Krichsbedeelegungen och nach als ''Drëtte [[Golfkrich]]'' bezeechent, war e [[Krich]] vun den [[USA]] an den alliéierte Staaten (besonnesch [[Groussbritannien]] an [[Australien]]) géint den [[Irak]] ënnert der Herrschaft vum Diktator [[Saddam Hussein]].
Den Ugrëff, un deem sech nieft den [[USA]] ufanks weider 48 Staate bedeelegt haten (geleeëentlech ''[[Koalitioun vun de Wëllegen]]'' genannt), war den [[20. Mäerz]] [[2003]].
D'Länner vun der Koalitioun hunn de Krich sécherheetspolitesch begrënnt, ë. a. mat dem Verheemleche an dem Verstoppe vu [[Massevernichtungswaffen]] am Irak bzw. dem sougenannte feelenden Nowäis vun der Vernichtung vu Massevernichtungswaffen. Och goufen an e puer vun de bedeelegte Staaten d'[[Massemuerd]]en u [[Kurden]] a [[Schiiten]] duerch den irakesche Regime, déi zum gréissten Deel iwwert e Joer zerécklouchen, thematiséiert. Genee sou gouf dem Irak eng Ënnerstëtzung vum Terrornetzwierk [[Al-Qaida]] als weidere Krichsgrond virgeworf.
Beweiser fir d'Existenz vun irakesche Massevernichtungswaffen si weder virum, während dem Krich, nach spéider erbruecht ginn. Och kloer Indicen op eng Ënnerstëtzung vun der Al-Qaida duerch den irakesche Regime goufen net fonnt. D'Stéchhaltegkeet vun de genannte Grënn fir de Krich gëtt dofir vu villen ugezweifelt.
Vill, haaptsächlech Kritiker vum Krich, gesinn a wirtschaftlechen Intresse vun den USA den eigentleche Grond vum Ugrëff.
Déi meeschte Membere vum [[Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen|UN-Sécherheetsrot]] an der Vollversammlung schwätze sech virum Ufank vum Krich géit eng Interventioun a fir e Weiderfuere vun de [[United Nations Monitoring, Verification and Inspection Commission|Waffeninspektiounen]] aus.
D'Majoritéit vun de Länner vun der Koalitioun huet sech aus dem ''Bündnis'' zeréckgezunn, nodeem am Irak keng Massevernichtungswaffe konnte fonnt ginn.
{{Commonscat|Iraq War}}
[[Kategorie:Irak]]
{{Link FA|hr}}
[[ar:حرب العراق]]
[[cs:Válka v Iráku]]
[[da:Irakkrigen]]
[[de:Irakkrieg]]
[[el:Πόλεμος στο Ιράκ]]
[[en:Iraq War]]
[[es:Guerra de Irak]]
[[eo:Iraka milito]]
[[fa:جنگ عراق]]
[[fr:Guerre d'Irak]]
[[ko:이라크 전쟁]]
[[hr:Rat u Iraku]]
[[id:Perang Irak]]
[[is:Íraksstríðið]]
[[it:Guerra d'Iraq]]
[[he:מלחמת עיראק]]
[[la:Bellum Iracense Alterum]]
[[lv:Karš Irākā]]
[[lt:Irako karas]]
[[hu:Iraki háború]]
[[mk:Втора Заливска војна]]
[[mzn:عراق جنگ]]
[[ms:Perang Iraq]]
[[nl:Irakoorlog]]
[[ja:イラク戦争]]
[[no:Irak-krigen]]
[[nds:Irakkrieg]]
[[pt:Guerra do Iraque]]
[[ru:Иракская война]]
[[sk:Tretia vojna v Perzskom zálive]]
[[sl:Iraška vojna]]
[[sr:Рат у Ираку]]
[[fi:Irakin sota]]
[[sv:Irakkriget]]
[[ta:ஈராக் போர்]]
[[th:สงครามอิรัก]]
[[tr:Irak Savaşı]]
[[uk:Війна в Іраку]]
[[vi:Chiến tranh Iraq]]
[[wa:Guere d' Irak]]
[[zh:伊拉克战争]]All content in the above text box is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike license Version 4 and was originally sourced from https://lb.wikipedia.org/w/index.php?oldid=1477565.
![]() ![]() This site is not affiliated with or endorsed in any way by the Wikimedia Foundation or any of its affiliates. In fact, we fucking despise them.
|