Revision 1546492 of "Wikipedia:Billeratelier" on lbwiki{| class="intro" style="padding: 10px; font-size: 95%; background: #BFD8F2; border: 1px solid #1A50B8; border-collapse: collapse; border-spacing: 0px; font-size: 95%; empty-cells: show;"
| style="vertical-align:middle; padding-left: 10px;" | [[Fichier:Majerus MUDAM 022.jpg|170px|center]]
<div style="text-align:center;"><br />
'''[{{fullurl:Wikipedia:Billeratelier|action=edit§ion=new}} Klick hei, fir e Bild anzedroen]'''<br />
('''[[Wikipedia:Billeratelier/Kuerzuleedung|Kuerzuleedung]]''')
<small>Ënnerschreiw mat <code><nowiki>--~~~~</nowiki></code></small></div>
| style="vertical-align:middle; padding:1em;" |
{{Portal-head2|547892|Wëllkomm am Billeratelier}}
Déi lëtzebuergesch Wikipedia ass fir hir Gréisst gutt ausstafféiert mat Fotoen, Grafiken a Kaarten. Et ginn der awer nach ëmmer gebraucht.
Op dëser Säit geet et drëm, fir deenen, déi sech net mat [[Photoshop]] & Kompanie, wëllen erëmschloen oder dee Fotoprogramm, dee se doheem installéiert hunn, nach net richteg am Grëff hunn, eng Méiglechkeet ze bidden, hir Fotoen, souwäit et méiglech ass, verschafft ze kréien.
A ville Schongkëschte leie Fotoe vu ville Reesen, déi vläicht kromm opgeholl sinn, vläicht just duerch e [[Faarfstéch]] (bei gescannten "ale" Fotoen) schampléiert sinn, Schréipsen hunn an deeës. Besonnesch bei digitale Fotoe léisst sech dacks (awer net ëmmer!!) eppes méi "eraushuelen". Onschaarf Fotoe bleiwen awer onschaarf!! Op de Commons sti vill Fotoen, déi "u sech" an der Rei sinn, mee d'Akaul nach musse gebotzt kréien.
Wanns de also nach e Bild hues, un deem nach e bësse gefeilt muss ginn oder wanns de d'Meenung vun den aneren zu dengem Bild wëlls héieren, da luet d'Bild heiriwwer [http://lb.wikipedia.org/wiki/Special:Upload erop] a lee [{{fullurl:Wikipedia:Billeratelier|action=edit§ion=new}} heimadden] en neien Ofschnëtt un.
Op déi Manéier ka jidderee mathëllefen, "eis" Biller nach besser ze kréien.
|}
__NEWSECTIONLINK__
<!--
###################################################################################
##################Vun hei un d'Kandidaten fir eng Bildverbesserung ###################
###################################################################################
-->
== Biller, déi "iwwerschafft" misste ginn ==
[[Fichier:Wercollier Prisonnier politique Luxembourg Esch Musée résistance 01.jpg|thumb|left|500px|''"verpixelt" Bild am Artikel [[Nationale Resistenzmusée]]'']]
[[Fichier:Wercollier pripolmusres 03 w.jpg|thumb|right|250px|"schwaarzt" Bild]]
[[Fichier:Wercollier pripolmusres 03 w BRW.jpg|right|250px|méi hellt Bild]]
<div style="clear:right" />
===Zum Vergläich===
Lénks dat "verpixelt" Bild; riets dat "schwaarzt" zum Vergläich. Dat "verpixelt" schéngt mir dat bescht ze sinn.
Drënner dat schwaarzt méi hell. Et kann nach méi hell gemaach ginn. Bei engem verpixelte kann een näischt änneren. D'Foto u sech wier net schlecht, opgeholl mat engem Stativ, mat manner ISO, an enger aner Blend wier dat Bild souguer ganz gutt. Fir mech ass z.B. wichteg datt een d'Schrëft op de Stäiler hanner der Skluptur och liese kann. [[Benotzer:Les Meloures|Les Meloures]] 20:34, 29. Jan. 2009 (UTC)
"riets dat "schwaarzt" zum Vergläich. Dat "verpixelt" schéngt mir dat bescht ze sinn.": Wa mer esou wäit sinn, fir dat ze behaapten, gëtt et Zäit fir e Fotoscours ze besichen, an de Monitor mol uerdentlech ze kalibréieren!! Dat "schwaarzt" ass "richteg", an dat léisst sech moossen. Wéi wier et , emol en Histogramm ze kucken??! --[[Benotzer:Cornischong|Cornischong]] 05:55, 27. Mäe. 2009 (UTC)
----
[[Fichier:Korb1.JPG|thumb|center|400px|D'Foto ass plazeweis schlëmm iwwerbeliicht]]
[[Fichier:Mgr. Charue.jpg|thumb|250px|center|De Mgr André-Marie Charue]]
::Ech hunn nach eng Fro:
::Wie soll sech iwwerhaapt ëm dee Billeratlier bekëmmeren. Ech hunn eng Foto den 2. Januar dragesat a krut bis elo nach kee Feedback. Wat hate sech d'Initiateure vum Billeratelier virgestallt? [[Benotzer:Les Meloures|Les Meloures]] 20:34, 29. Jan. 2009 (UTC)
::Hei steet eng Foto déi plazeweis schlëmm iwwerbeliicht ass. Kann ee mer verroden a waterengem Fotoveraarbechtungsprogramm een eng Iwwerbeliichtung ewechkritt?
[[Benotzer:Les Meloures|Les Meloures]] 20:34, 29. Jan. 2009 (UTC)
"Ech hunn eng Foto den 2. Januar dragesat a krut bis elo nach kee Feedback": Wann dat d'Mussolini-Bild ass, da ginn ech alt e Fidbäck: Eigentlech ass dat e komplett "verschassene" Scan, an et ass iwwerhaapt e staarkt Stéck, datt een esou en Déngen drasetzt. Meng Erfarung huet mech awer geléiert, wat d'Biller méi "verschass" sinn, wat se méi mat Hänn a Féiss verdeedegt ginn.--[[Benotzer:Cornischong|Cornischong]] 06:02, 27. Mäe. 2009 (UTC)
Soulaang keng ausgefriesse Plazen an de Biller sinn, sinn Iwwerbeliichtunge mat deene meeschte Fotoveraarbechtungsprogrammen ze verbesseren, wéi Adobe Photoshop , Adobe Photoshop Elements, Corel Paint Shop Pro, Nikon Capture NX2, Adobe Lightroom, Apple Aperture an där méi. --[[Benotzer:Cornischong|Cornischong]] 05:35, 27. Mäe. 2009 (UTC)
:::Déiselwecht Fro stellt sech bei dem verpixelte Bild. Watereng Verbesserung ass do iwwerhaapt méiglech?
[[Benotzer:Les Meloures|Les Meloures]] 20:37, 29. Jan. 2009 (UTC)
An deem Fall ass eigentlech Happ a Malz verluer. Normalerweis kéint een dovun ausgoen, datt den Auteur dat selwer mierkt, ier en et drasetzt. Am Fall vum verpixelte Bild hat een dat op dës Säit gesat, an deeselwechten Dag en High Dynamic Range Image (HDRI)-Bild vum Wercollier senger Statu an den Artikel gesat. Den 29. Januar huet doropshin een, deen net vill Anung vu Fotoen huet, dat HDRI-Bild als Timber ënnen op d'Säit gesat mam Kommentar "Dat gutt Bild uewen, dat anert ënnen" an dat verpixelt nees an den Artikel gesat. Mat deene Bauzegkeete komme mer net ganz wäit. Verpixelt Biller gehéieren op den Tipp, well se "verschass" sinn. --[[Benotzer:Cornischong|Cornischong]] 05:50, 27. Mäe. 2009 (UTC)
D'Bild vum De Mgr André-Marie Charue gesäit komplett verblatzt aus, an et sinn net nëmmen e puer Flecken drop. Dat ass natierlech e Problem vun den Tounwäerten. All hallef valabele Fotoveraarbechtiungsprogramm huet d'Méiglechkeet, un den Tounwäerter ze schrauwen. --[[Benotzer:Cornischong|Cornischong]] 06:09, 27. Mäe. 2009 (UTC)
"Wie soll sech iwwerhaapt ëm dee Billeratlier bekëmmeren." gëtt op dëser Säit gefrot. Jiddereen no senge Méiglechkeeten, wéi mat deenen anere Wikipedia-Saachen, géif ech emol mengen. Et ginn der op d'mannst sechs Leit hei, vun deenen ech weess, datt se eng Software hunn, mat där sech Biller verbessere loossen. A bei all Knippsdous kritt een hautesdaags e Programm gratis mat derbäi. Wa méi komplizéiert Fäll sech sollte weisen, wäert sech ee vun de Photoshop-Leit mellen. --[[Benotzer:Cornischong|Cornischong]] 06:22, 27. Mäe. 2009 (UTC)
==Photo Wellen==
[[Fichier:WellenVu1.JPG|thumb|left|400px|Ier nees ee mer mam Aarsch an d'Zänn spréngt wéinst enger Foto (dee leschte war de Pecalux) wollt ech emol virschloen, sech den Histogramm vun deem Déngen unzekucken. Merci.]] --[[Benotzer:Cornischong|Cornischong]] 22:07, 5. Abr. 2009 (UTC)
:Du hues jo dann anscheinend den Histogramm gekuckt. Dann ànner eppes un der Foto oder loss et sinn, awer loss déi Aarsch an d'Zännspréngereien ënnerwee, a hal op dermatter aner Leit hei Saachen unzestellen. [[Benotzer:Les Meloures|Les Meloures]] 22:19, 5. Abr. 2009 (UTC)
::einfach emol eng nei Versioun eropgelueden, déi zumindest mir besser gefällt --[[Benotzer:Robby|Robby]] 06:08, 6. Abr. 2009 (UTC)
==Foto Meechtem==
[[Fichier:Meechtemmusel.jpg|280px]]
== Den Himmel ==
Dëst si Biller, déi an de Billeratelier kommen, well op deenen den Himmel zum groussen Deel oder ganz "ausgefriess" ass. Vläicht kritt een, dee sech domat auskennt, dat an d'Rei. Merci am Viraus. --[[Benotzer:Cornischong|Cornischong]] 11:46, 29. Sep. 2009 (UTC)
<gallery widths="280" heights="150" perrow="3">
Fichier:Lock_Grevenmacher_Luxembourg_01.jpg|D'Ausfahrt vun der Schleis
Fichier:Lock_Grevenmacher_Luxembourg_03.jpg|D'Steierbréck vun der Strooss aus gesinn
Fichier:Lock_Grevenmacher_Luxembourg_02.jpg|D'Ausfahrt vun der Schleis aus gesinn
Fichier:Lock_Grevenmacher_Luxembourg_04.jpg|Iwwerbléck iwwer d'Staustuf
</gallery>
:Wee soll deen "Ee" sinn, bis ewell koume Reklamatiounen zu Biller meeschtens vun engem an deem selwechten; aner Leit schénge kaum Problemer mat deene Biller ze hunn? --12:22, 29. Sep. 2009 (UTC)
[[de:Wikipedia:Bilderwerkstatt]]
[[en:Wikipedia:Graphic Lab/Image workshops]]
[[es:Wikipedia:Taller gráfico]]All content in the above text box is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike license Version 4 and was originally sourced from https://lb.wikipedia.org/w/index.php?oldid=1546492.
![]() ![]() This site is not affiliated with or endorsed in any way by the Wikimedia Foundation or any of its affiliates. In fact, we fucking despise them.
|