Revision 1580574 of "Joe Thein" on lbwiki

[[Fichier:joethein wikipedia.jpg|thumb|De Joe Thein]]
De '''Joe Thein''', gebuer de [[17. Juli]] [[1991]] zu [[Esch-Uelzecht]], ass ee [[Lëtzebuerg (Land)|lëtzebuergesche]] Politiker.

En huet sech politesch staark um [[Konservatismus]] orientéiert.

== Politesch Carrière ==
De 14. Juli 2008 gouf hie Member an der [[Alternativ Demokratesch Reformpartei|ADR]] an den 8. Mai 2009 vun däer hirer Jugendsektioun [[adrenalin, déi jonk adr]].

Zënter dem 8. Mäerz 2010 vertrëtt hien de Südbezierk am ADR-Nationalvirstand. Hie war ausserdeem säit dem 6. Dezember 2010 Sekretär vun der Sektioun Kordall bis en uschléissend, den 19. Januar 2012, zum Vizepresident vun der Sektioun Péiteng gewielt gouf.

Hie vertrëtt d'''adrenalin, déi jonk adr'' als Delegéierten an der [[EYC]] (European Young Conservatives), dem Jugendverband vun der [[AECR]] (Alliance of European Conservatives and Reformists)<ref>[http://www.adr.lu/partei/adrenalin-dei-jonk-adr/266-joelle-giannotte-vize-praesidentin-der-eyc "Joelle Giannotte Vize-Praesidentin der EYC" adr.lu]</ref>.

== Gemengewalen 2011 ==
Bei de [[Gemengewalen (Lëtzebuerg)|Gemengewale vum 9. Oktober 2011]] gouf hien an de Gemengerot vu Péiteng gewielt. <br>
Hie gouf dobäi mat 403 Stëmmen (dovun 230 Lëschtestëmmen) Éischtgewielten op der ADR-Lëscht, déi och fir d'éischt e Vertrieder an de Péitenger Gemengerot konnt schécken.


== Aner Memberschaften ==
* AL (''[[Actioun Lëtzebuergesch]]''),
* Histpeta (''Geschichtsfrënn Péiteng''),
* ALPA (''[[Association luxembourgeoise pour la protection des animaux]]''),
* GKAf (''[[D'Georges-Kayser-Altertumsfuerscher]]''),
* [[Borne du Passeur]].

== Um Spaweck ==
* [http://www.joethein.lu D'Websäit vum Joe Thein]

{{Referenzen}}

{{DEFAULTSORT:Thein Joe}}
[[Kategorie:Gebuer 1991]]
[[Kategorie:Politiker (Lëtzebuerg)]]