Revision 1624334 of "Berylliumoxid" on lbwiki

{{SkizzChimie}}
{{iwwerschaffen}}
'''Berylliumoxid''' (BeO) ass den [[Oxid]] vum [[Chimie|chemeschen]] Element [[Beryllium]] (Be).

== [[Oxosalz]]er mat [[Beryllium]] ==

D'Preparatioun vun Oxosalzer mat Beryllium ass schwiereg well Beryllium extrem [[waasser]]léisslech ass, an duerch d'Formatioun vun de verschiddene BeOH-[[Moleküll]]en am Waasser.

== Berylliumkarbonater ==

Dës Moleküllgrupp ass [[Chimie|chemesch]] gesinn net déi interessantesten, mä si gëtt dacks als Basis (''in situ'') fir weider Beryllium Salzer gebraucht an ass doduerch wichteg.

BeCO<sub>3</sub> ass vu Waassermoleküllen ëmginn an et ass och 2-5fach Be(OH)<sub>2</sub> present an et as ënner der Form vun engem Precipité an der Waasserléisung. Bei 80 Grad [[Celsius]] verschwënnt da lues a lues d'Waasser a bei 300 Grad CO<sub>2</sub>. Rengen BeCO<sub>3</sub> '''·''' 4 H<sub>2</sub>O ass net stabil a muss dofir ënner CO<sub>2</sub>Drock stoen. 
D'[[RX Analys]] seet datt dës Substanz ënner der hexagonaler Form kompakt ass mat folgende Parameter : 
*a=5.12Å
*c=15,77Å.

== Kuckt och ==

* [[Beryllium]]

[[Kategorie:Oxiden]]