Revision 1631966 of "Joe Thein" on lbwiki[[Fichier:joe THEIN.png|thumb|De Joe THEIN (2013)]]
De '''Joe Thein''', gebuer de [[17. Juli]] [[1991]] zu [[Esch-Uelzecht]], ass ee [[Lëtzebuerg (Land)|lëtzebuergesche]], [[Konservatismus|konservativen]] [[Alternativ Demokratesch Reformpartei|ADR]]-Politiker.
Hien ass an der [[Gemeng Péiteng]] opgewuess, wou hien och seng Primärschoul zu [[Rolleng (Péiteng)|Rolleng]] gemeet huet. Dunn ass hien an de [[Lycée technique d'Esch-sur-Alzette]], an duerno an de [[Lycée technique Mathias-Adam]] gang, fir [[Commerce]] ze léieren.
En huet sech politesch staark um [[Konservatismus]] orientéiert, enger politescher Léier déi op den [[Edmund Burke]] zréckgeet.
== Politesch Carrière ==
De 14. Juli 2008 gouf hie Member an der [[Alternativ Demokratesch Reformpartei|ADR]] an den 8. Mai 2009 vun däer hirer Jugendsektioun [[adrenalin, déi jonk adr]].
Zanter dem 13. Februar 2010 ass hien Vizepresident vun der ''adrenalin, déi jonk adr''.
Ab dem 6. Dezember 2010 war hie Sekretär vun der Sektioun Kordall, a gouf dunn de 19. Janaur 2012, Vizepresident vun der Sektioun Péiteng. Hien ass außerdem säit dem 8. Mäerz 2010 am Nationalkomitee fir de Südbezierk, a gouf och hei den 22. Februar zum Vizepresident gewielt.
Hie vertrëtt d'''adrenalin, déi jonk adr'' als Delegéierten an der [[EYC]] (European Young Conservatives), dem Jugendverband vun der [[AECR]] (Alliance of European Conservatives and Reformists)<ref>[http://www.adr.lu/partei/adrenalin-dei-jonk-adr/266-joelle-giannotte-vize-praesidentin-der-eyc "Joelle Giannotte Vize-Praesidentin der EYC" adr.lu]</ref>.
== Gemengewalen 2011 ==
Bei de [[Gemengewalen (Lëtzebuerg)|Gemengewale vum 9. Oktober 2011]] gouf hien an de Gemengerot vu Péiteng gewielt. <br>
Hie gouf dobäi mat 403 Stëmmen (dovun 230 Lëschtestëmmen) Éischtgewielten op der ADR-Lëscht, déi och fir d'éischt e Vertrieder an de Péitenger Gemengerot konnt schécken.
Hien ass an der Kulturkomissioun an Delegéierte vun der [[Borne du Passeur]].
== Chamberwalen 2013 ==
Bei de [[Chamberwale vum 20. Oktober 2013]] gouf hien, dem Ranking vu senger Partei no, 4. am Süden, a 5. national.<br>
Hie konnt dobäi 5.234 Stëmmen (dovun 3.994 Lëschtestëmmen) op sech vereenen. Hien ass domat e potentielle Kandidat fir d'Chamber.
== Aner Memberschaften ==
* AL (''[[Actioun Lëtzebuergesch]]''),
* Histpeta (''Geschichtsfrënn Péiteng''),
* ALPA (''[[Association luxembourgeoise pour la protection des animaux]]''),
* GKAf (''[[D'Georges-Kayser-Altertumsfuerscher]]''),
* [[Borne du Passeur]],
* SIP (''[[Syndicat d'Initiative de Pétange]]''),
* SIR (''[[Syndicat d'Initiative de Rodange]]'').
== Um Spaweck ==
* [http://www.joethein.lu D'Websäit vum Joe Thein]
{{Referenzen}}
{{DEFAULTSORT:Thein Joe}}
[[Kategorie:Gebuer 1991]]
[[Kategorie:Politiker (Lëtzebuerg)]]All content in the above text box is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike license Version 4 and was originally sourced from https://lb.wikipedia.org/w/index.php?oldid=1631966.
![]() ![]() This site is not affiliated with or endorsed in any way by the Wikimedia Foundation or any of its affiliates. In fact, we fucking despise them.
|