Revision 1814710 of "Irakkrich" on lbwikiDen '''Irakkrich''' (offiziell [[Englesch|engl]]. Bezeechnung: ''Operation Iraqi Freedom'', op lëtz.: ''Operatioun Irakesch Fräiheet''), wéinst der Chronologie vu fréieren irakesche Krichsbedeelegungen och nach als ''Drëtte [[Golfkrich]]'' bezeechent, war e [[Krich]] vun den [[Vereenegt Staate vun Amerika|USA]] an den alliéierte Staaten (besonnesch [[Groussbritannien]] an [[Australien]]) géint den [[Irak]] ënner der Herrschaft vum Diktator [[Saddam Hussein]].
Den Ugrëff, un deem sech nieft den [[Vereenegt Staate vun Amerika|USA]] ufanks weider 48 Staate bedeelegt haten (geleeëentlech ''[[Koalitioun vun de Wëllegen]]'' genannt), war den [[20. Mäerz]] [[2003]].
D'Länner vun der Koalitioun hunn de Krich sécherheetspolitesch begrënnt, ë. a. mat dem Verheemleche an dem Verstoppe vu [[Massevernichtungswaffen]] am Irak bzw. dem sougenannte feelenden Nowäis vun der Vernichtung vu Massevernichtungswaffen. Och goufen an e puer vun de bedeelegte Staaten d'[[Massemuerd]]en u [[Kurden]] a [[Schiiten]] duerch den irakesche Regime, déi zum gréissten Deel iwwer e Joer zrécklouchen, thematiséiert. Genee sou gouf dem Irak eng Ënnerstëtzung vum Terrornetzwierk [[Al-Qaida]] als weidere Krichsgrond virgeworf.
Beweiser fir d'Existenz vun irakesche Massevernichtungswaffen si weder virum, während dem Krich, nach spéider erbruecht ginn. Och kloer Indicen op eng Ënnerstëtzung vun der Al-Qaida duerch den irakesche Regime goufen net fonnt. D'Stéchhaltegkeet vun de genannte Grënn fir de Krich gëtt dofir vu villen ugezweifelt.
Vill, haaptsächlech Kritiker vum Krich, gesinn a wirtschaftlechen Intresse vun den USA den eigentleche Grond vum Ugrëff.
Déi meescht Membere vum [[Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen|UN-Sécherheetsrot]] an der Vollversammlung schwätze sech virum Ufank vum Krich géit eng Interventioun a fir e Weiderfuere vun de [[United Nations Monitoring, Verification and Inspection Commission|Waffeninspektiounen]] aus.
D'Majoritéit vun de Länner vun der Koalitioun huet sech aus dem ''Bündnis'' zréckgezunn, nodeem am Irak keng Massevernichtungswaffe konnte fonnt ginn.
{{Commonscat|Iraq War|{{PAGENAME}}}}
[[Kategorie:Irak]]
{{Link FA|hr}}All content in the above text box is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike license Version 4 and was originally sourced from https://lb.wikipedia.org/w/index.php?oldid=1814710.
![]() ![]() This site is not affiliated with or endorsed in any way by the Wikimedia Foundation or any of its affiliates. In fact, we fucking despise them.
|