Revision 2174145 of "Paräisser reliéis Gebaier" on lbwiki

{{Haaptartikel|Paräis}}
[[Fichier:Cathédrale Notre-Dame de Paris - 12.jpg|thumb|300px|Notre-Dame de Paris]]
Déi fréier Abteikierch ''[[Abteikierch Saint-Germain-des-Prés|Saint-Germain-des-Prés]]'' um ''Boulevard Saint-Germain'' (6. Arrdt.) erënnert dodrun, datt de [[Frankeräich|fränkesche]] Kinnek [[Childebert I.]] aus dem Geschlecht vun de [[Merowenger]], e Jong vum [[Clovis I. vu Frankräich|Clovis I.]] hei am Joer [[557]] eng Abtei gegrënnt huet, déi méi spéit eng grouss Bedeitung krut. De Portaltuerm vun der haiteger Kierch an déi ënnescht Beräicher vun de Kiercheschëffer stamen aus dem [[11. Joerhonnert]], de Chouer gouf am Joer [[1163]] vum Poopst [[Alexander II. (Poopst)|Alexander II.]] ageweit. De Bau gouf bis zum [[17. Joerhonnert]] e puermol ëmgebaut. D'Wandmolereien um Kiercheschëff goufen am [[19. Joerhonnert]] vum [[Hippolyte Flandrin]] geschaf.

D'[[Kathedral Notre-Dame vu Paräis|Kathedral ''Notre-Dame de Paris'']] op der ''Île de la Cité'' (4. Arrdt.) ass eng vun de fréiste [[Gotik|gotesche]] Kathedrale vu [[Frankräich]]. Si ass der [[Mutter Gottes|Maria]], der Mamm [[Jesus vun Nazareth|Jesu]], geweit. De Bau gouf am Joer [[1163]] ënner dem Bëschof Maurice de Sully ugefaangen, an eréischt [[1345]] fäerdeggestallt. D'Kiercheschëff miesst 130 op 48 Meter bei enger Héicht vu 35 Meter. Mam [[Duxall]] huet Notre-Dame Plaz fir 9000 Leit. Déi zwéin Tierm sinn 69 Meter héich, den [[Daachreider]] 93 Meter. Bei engem Groussbrand de [[15. Abrëll|15.]] a [[16. Abrëll]] [[2019]] si grouss Deeler vun der Kathedral zerstéiert ginn.

D'Kierch ''[[Kierch Saint-Germain-l'Auxerrois vu Paräis|Saint-Germain-l'Auxerrois]]'' nieft dem [[Louvre]] (1. Arrdt.) staamt an hire Grondzich nach aus der Zäit vun der [[Romanik]] am 12. Joerhonnert. Si huet allerdéngs souwuel e gotescht Striewwierk wéi och en héichgotescht Portal. D'Ubauten an Tierm vun dëser Kierch stamen aus dem [[Barock]]. Dës Kierch, déi vis-à-vis vum Westportal vum Louvre an domat um westlechen Enn vun de [[Avenue des Champs-Élysées|Champs-Élysées]] läit ass dem hellege Germain vun [[Auxerre]] geweit.

D'[[Kierch Saint-Sulpice vu Paräis|Parkierch ''Saint-Sulpice'']] südlech vum ''Boulevard Saint-Germain'' (6. Arrdt.) ass dem hellege [[Sulpicius II. vu Bourges]] geweit. Si ersetzt e romanesche Virgängerbau aus dem Ufank vum [[13. Joerhonnert]]. D'Aarbechten un der haiteger Kierch hunn am Joer [[1649]] ugefaangen, mä konnten duerch politesch a finanziell Schwieregkeeten eréischt am [[18. Joerhonnert]] fäerdeggestallt ginn. D'[[Klassizismus|klassizistesch]] Zich vun der Kierch huet den [[Giovanni Servandoni]] am Joer [[1732]] entworf.

D'Palaiskapell [[Sainte-Chapelle]] am [[Palais de la Cité]] (1. Arrdt.) net wäit vun der Kathedral ewech gouf vum [[Louis IX. vu Frankräich|Saint Louis]] an den [[1240]]er Jore baue gelooss, fir wäertvoll [[Reliquie]]n opzehuelen: d'Därekroun Christi an Deeler vum Kräiz. D'Kapell ass e gutt Beispill fir de [[Gotik|gotesche]] ''style rayonnant'' vum [[13. Joerhonnert]] a gehéiert zu de schéinste Baumonumenter aus der Gotik. De gréissten Deel vun de Mauere gëtt duerch faarweg Glasfënstere bedeckt.

[[Fichier:Sacre-coeur-paris.jpg|thumb|300px|left|Basilique du Sacré-Cœur]]

Den [[Invalidendoum|Dôme des Invalides]] gouf tëscht [[1670]] a [[1691]] vum [[Jules Hardouin-Mansart]] um lénksen Uwänner vun der [[Seine]] gebaut (7. Arrdt.). Dës prächteg kinneklech Kuppelkierch ass, sou wéi d'Zaldotekierch ''Saint-Louis des Invalides'' en Deel vum ''Hôtel des Invalides'' an zielt zu de schéinste [[Barock-Klassizismus|barock-klassizistesche]] Baute vum Land. Bannendra gouf am [[19. Joerhonnert]] e majestätescht Graf fir de franséische Keeser [[Napoleon Bonaparte|Napoleon I.]] gebaut, deem seng Läich no senger Iwwerféierung vu [[Sankt Helena]] (1840) do läit, sou wéi och verschidden aner wichteg Perséinlechkeeten.

De Bau vun der Kierch ''[[La Madeleine]]'' nërdlech vun der ''[[Place de la Concorde]]'' (8. Arrdt.) huet [[1764]] nom Entworf vum Architekt Pierre Contant ugefaangen an huet am Dezember [[1791]] opgrond vun der [[Franséisch Revolutioun|Franséischer Revolutioun]] missen agestallt ginn. D'Aarbechte goufe vum Architekt [[Jacques-Marie Huvé]] ([[1783]]-[[1852]]) nees opgeholl an am Joer [[1842]] ofgeschloss, d'Konsekratioun war den [[9. Oktober]] [[1845]]. Den Interieur staamt gréisstendeels aus de Joren [[1830]]-[[1840]]. Als besonnesch kuckeswäert gëllt d'Statu vun der [[Maria Magdalena]] vum [[Carlo Marochetti]]. D'Uergel vum franséischen Uergelbauer [[Aristide Cavaillé-Coll]] (1811-1899) zielt zu enger vun de klangvollste vun der Stad.

D'[[Basilique du Sacré-Cœur]] ass eng réimesch-kathoulesch [[Wallfaartskierch]] um Hiwwel vu [[Montmartre]] an ass den zweethéchste Punkt vun der Stad nom [[Eiffeltuerm]]. De Bau vun der Kierch am "[[Zockerbäckerstil]]" gouf [[1875]] vum Architekte [[Paul Abadie]] ugefaangen, dee sech an engem Concours géint 78 aner Participanten duerchgesat hat, an deem säin Entworf däitlech vum réimesch-byzantinesche Stil vun ale Kierche wéi der [[Hagia Sophia]] inspiréiert war. Den Abadie ass schonn [[1884]] gestuerwen, wéi d'Bauaarbechte grad ugefaangen haten. Sechs aner Architekten hunn déi weider Leedung iwwerholl, bis de Bau [[1914]] fäerdeggestallt konnt ginn.

== Um Spaweck ==

{{Commonscat|Churches in Paris|Paräisser reliéis Gebaier}}

[[Kategorie:Reliéis Gebaier zu Paräis|!]]