Difference between revisions 1465264 and 1470227 on lbwiki

{{Uertschaft Lëtzebuerg
 | Numm                      = Mäerzeg
 | Wopen                     = Coat of arms mertzig luxbrg.png
 | An anere <br /> Sproochen   = [[Franséisch|fr]], [[Däitsch|de]]: Mertzig
 | Distrikt                  = [[Distrikt Dikrech|Dikrech]]
 | Kanton                    = {{Kanton Dikrech}}
 | Buergermeeschter          = {{Buergermeeschter Mäerzeg}}
 | Awunner Gemeng            = 1.760
 | AwunnerdatumG             = 2011
 | Fläch Gemeng              = 1.100
 | Koordinaten               = {{coor dms|49|50|00|N|06|00|22|O}}
 | Kaart                     = Map Mertzig.PNG
 | Kaarttext                 = D'Gemeng Mäerzeg (orange)<br /> am Kanton Dikrech (rout)
 }}
D''''Gemeng Mäerzeg''' ass eng vun den {{Gemengenzuel}} [[Gemeng]]en am [[Lëtzebuerg (Land)|Groussherzogtum Lëtzebuerg]]. Si gehéiert zum [[Kanton Dikrech]] an ass zënter dem [[1. Januar]] [[  1875]] <ref>Gesetz vum 20. November 1875</ref>  eng eegestänneg Gemeng. Si besteet just aus der Uertschaft Mäerzeg selwer.

== Geographie ==
Mäerzeg ass déi westlechst Gemeng am [[Kanton Dikrech]]. Se grenzt am Norden un d'[[Gemeng Esch-Sauer]], am Nordosten u [[Gemeng Feelen|Feelen]], am Südosten un [[Gemeng Ettelbréck|Ettelbréck]] an, op enger Längt vu knapps 100 m, [[Gemeng Kolmer-Bierg|Kolmer-Bierg]], am Süden u [[Gemeng Viichten|Viichten]] an am Westen u [[Gemeng Groussbus|Groussbus]].

D'Uertschaft läit am Dall vun der [[Waark]], déi vu Südwest no Nordost derduerchleeft. Se deelt d'Uertschaft an Uewer- an Niddermäerzeg, déi fréier getrennt Uertschafte waren. Nërdlech vum Duerf fänken d'Ausleefer vum [[Éislek]] un, südlech läit de Butzebierg. 

D'[[Nationalstrooss 21]] geet, um lénksen Uwänner vun der [[Waark]], queesch duerch d'Uertschaft. Véier Baache lafen duerch Mäerzeg, d'[[Waark]], d'[[Turelbaach]], d'[[Bruchbaach]] an d'Walzerbaach.

== Geschicht ==


Virun 1875 huet Mäerzeg zu [[Gemeng Feelen|Feelen]] gehéiert.

Mäerzeg ass fir d'éischt am Joer 762 als Marciaco ernimmt. <ref>[[Joseph Meyers]], ''Studien zur Siedlungsgeschichte Luxemburgs'', 1976, S.101.</ref>. Aner Nimm sinn, 842 Martiaco, 1476 Mertzzich. Domatten ass d'Uertschaft méi al ewéi [[Feelen]] an ass mat eng vun den eelsten am Land. Op der [[Ferrariskaart]] <ref>Atlas Ferraris, Comte de Ferraris. Levée des Pays – Bas Autrichiens. Ed. Bibliothèque(contracted; show full)k zu [[Ettelbréck]], an den Hotel Victor-Hugo zu [[Veianen]].<ref> ''Les Communes Luxembourgeoises et leurs receveurs'', ARC 1999, p.209.</ref>. De Mäerzeger Steen huet net esou vill Drock ausgehalen ewéi dee vun [[Gilsdref]], dofir konnte mat him keng grouss Brécke gebaut ginn. Mee duerch seng schéi rout Faarf war e beléift bei den Architekte fir Monumenter, Kierchen, mä och kleng Brécken. Bis op [[Baaschtnech]] an [[Neufchâteau]] sinn déi Mäerzeger Steng geliwwert ginn. 




'''Mat Mäerzeger Sandstee gebaut:'''
<gallery>
Fichier:Mäerzeg-Kirche.jpg|D'Kierch vu Mäerzeg Foto Rob Deltgen
Fichier:Church in Ettelbruck Luxembourg.jpg|D'Kierch vun Ettelbréck
File:Diekirch church.JPG|D'Kierch vun Dikrech
File:Dikrech-Tribunal.jpg|D'Geriicht vun Dikrech
File:Mäerzeger_Steen_Kapell_vu_Mäerzeg.jpg|Kapell vu Mäerzeg
File:Pierre de Mertzig dans la Vieille église de Diekirch anno 1539.jpg|An der Aler Kierch zu Dikrech
</gallery>

'''Mäerzeger Steekaulen'''
<gallery>
File:Mäerzeger Steenkaulen Monument.jpg|Steekaulen-Monument 
File:Mertzig Carrière F.Gilson Ar.P.Gilson.jpg|Steekaul Franz Gilson an der Latterbach
File:Mertzig_Carrières_Gilson_1930.Ar.P.Gilson.jpg|Steekaul Piere Gilson
File:Mertzig_Carrière_Gilson._Ar.P.Gilson_2.jpg|Steekaul Gilson
File:Mertzig_Maison_N.Gilson_Ar.P.Gilson.jpg|Wunnhaus vum Steekaulebesëtzer Gilson
</gallery>

Bei Recherchen zum Familljebuch Mäerzeg <ref>[[Rob Deltgen]]. ''Familljebuch vun der Uertschaft a Gemeng Märtzeg, HG Gemeng Märzeg 2012''.</ref> fält besonnesch op, datt Steenhaer vu Mäerzeg iwwer 70 Joer al goufen, wougéint déi an de [[Gilsdref]]er Steekaulen an deemselwechten Zäitraum, 1850-1900, meeschtens keng 60 Joer al goufen.

1860 goufen dei éischt Steekaulen zougemaacht. Nom [[Éischte Weltkrich]] hunn dunn och Steebréch vun Diederich, Wagner an Agnès opgehalen. De Stébroch Gilson huet nach bis nom [[Zweete Weltkrich]] funktionnéiert. Nom Peter Gilson <ref> ''Tagebuch vum Peter Gilson 1979 ''</ref> gebuer 1897 huet säi Papp de Franz Gilson tëschent 1898 an 1900 38 Leit, Steekläpper an Aarbechter ënner Loun gehat. -Zeg Fouerleit haten do och hire Verdéngscht. Fir déi nei Kierch vun [[Martelange]] hu missen 200 Meterkipp[[Kubikmeter]] gefouert ginn. Och [[Uerschdref]] an [[Iischpelt]] krute Steng geliwwert fir de Bau vun hire Kierchen. D'Aarbechter hunn all zu Uewermäerzeg gewunnt, well et vun do méi no war bis an d'Steebréch. 



Am [[Zweete Weltkrich]] huet Mäerzeg schwéier gelidden. 67 Haiser waren duerch Beschoss schwéier beschiedegt. 10 Haiser ware komplett zerstéiert.<ref>D' ''Livre d'Or des victimes luxembourgeoise de la guerre de 1940-1945'' (Ed. Ministère de l'Intérieur), nennt fir d'Gemeng 10 Doudesaffer ''Mort pour la Patrie''.</ref>


===  Bevëlkerung=  ==
D'Entwécklung vun der Bevëlkerung vu Mäerzeg:<ref>''Statistiques Historiques 1839-1989, STATEC.1990.p.16.''</ref>
*1839: 837
*1851: 1052
*1865: 1094
*1880: 952
*1890: 879
*1900: 816
*1910: 807
*1922: 817
*1930: 757
*1935: 705
*1947: 702
*1960: 746
*1970: 814
*1981: 920
*2006: 1555 <ref>''Guide Communal et Administratif.2006. p,230''</ref>

Ee vun de bekanntsten Awunner vu Mäerzeg war de Moler [[Sosthène Weis]]. Säin Elterenhaus d'''Wäissenhaus'' ass dat haitegt Gemengenhaus. Do si 6 vun sengen Aquarellen ausgestallt.

All d'Awunner vu Mäerzeg, déi tëschent 1675 an 1923 gebuer sinn, fënnt een um Internet-Site vum [[Rob Deltgen]].<ref> http://www.deltgen.com</ref>

===  Wopen=  ==
Beschreiwung vum Wopen: ''d'azur à la bande vivrée d'argent, au flanc senestre l'aigle romaine; au chef d'or chargé de trois pics à pointe "grain d'orge" de sable''.

== Zu Mäerzeg gebuer ==
* [[Sosthène Weis]], Moler an Architekt

==Interkommunal Syndikater==
* [[SICONA-Centre]]
* [[Syndicat intercommunal de dépollution des eaux résiduaires du nord|SIDEN]]
* [[Syndicat intercommunal pour yndicat de distribution d'eau des Ardennes|DEA]]
* [[SICONA-Centre]]
* [[SIDEN]]
* [[SIDEC]]
* [[SYVICOL]]

== Jumela  gestion des déchets provenant de la région de Diekirch, Ettelbruck et Colmar-Berg|SIDEC]] ==
* Vöcklamarkt an {{AUT}}

==Biller==
<gallery>
Fichier:Mäerzeg-Gemengenhaus.jpg|D'Gemengenhaus
Fichier:Mäerzeg-an-Märten.jpg |''A Märten''
Fichier:Mäerzeg-alte-Primärschule Foto Rob.DELTGEN .jpg|Al Primärschoul
Fichier:Mertzig, 6, rue de l'école.jpg|6, Schoulstrooss
File:Mäerzeg-Nei Schoul.jpg|D'neit Schoulgebai
</gallery>



== Kuckt och ==
* [[Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Mäerzeg]]


{{Kuckt och Lëschten Lëtzebuerg}}

== Um Spaweck ==
{{commonscat|Mertzig|Mäerzeg}}
* [http://www.mertzig.lu  Offiziell Säit vun der Gemeng Mäerzeg]
* [http://www.syvicol.lu/annuaire/detail_commune.php?commune=73  Syvicol]

{{Referenzen}}

{{Gemengen am Kanton Dikrech}}
{{Referenzen}}

[[Kategorie:Uertschaften zu Lëtzebuerg|Maerzeg]]
[[Kategorie:Gemeng Mäerzeg| ]]
[[Kategorie:Gemengen zu Lëtzebuerg|Maerzeg]]

[[als:Mäerzeg]]
[[be:Мерцыг, Люксембург]]
[[be-x-old:Мэрцыг (Люксэмбург)]]
[[ca:Mertzig]]
[[da:Mertzig]]
[[de:Mertzig]]
[[en:Mertzig]]
[[fa:مرتزیگ]]
[[fr:Mertzig]]
[[it:Mertzig]]
[[lt:Mercigas]]
[[nl:Mertzig]]
[[no:Mertzig]]
[[pl:Mertzig]]
[[pt:Mertzig]]
[[ru:Мерциг (Люксембург)]]
[[sk:Mertzig]]
[[uk:Мерциг]]