Difference between revisions 1489026 and 1540902 on lbwiki

{{Haaptartikel|Paräis}}
[[Fichier:Cathédrale Notre-Dame de Paris - 12.jpg|thumb|300px|Notre-Dame de Paris]]
Déi fréier Abteikierch ''[[Saint-Germain des Prés]]'' um ''Boulevard Saint-Germain'' (6. Arrdt.) erënnert dodrunner, datt de [[Frankeräich|fränkesche]] Kinnek [[Childebert I.]] aus dem Geschlecht vun de [[Merowinger]], e Jong vum [[Clovis I. vu Frankräich|Clovis I.]] hei am Joer [[557]] eng Abtei gegrënnt huet, déi méi spéidert eng grouss Bedeitung krut. De Portaltuerm vun der haiteger Kierch an déi ënnescht Beräicher vun de Kiercheschëffer stamen aus dem [[11. Joerhonnert]], de Chouer gouf am Joer [[1163]] vum Poopst [[Alexander II. (Poopst)|Alexander II.]] ageweit. De Bau gouf bis zum [[17. Joerhonnert]] e puer Mol ëmgebaut. D'Wandmolereien um Kiercheschëff gouf am [[19. Joerhonnert]] vum [[Hippolyte Flandrin]] geschaf.

(contracted; show full)== Um Spaweck ==

{{Commons|Category:Churches in Paris|Paräisser reliéis Gebaier}}

[[Kategorie:Reliéis Gebaier zu Paräis|!]]

{{Link FA|he}}
{{Link FA|it}}