Difference between revisions 1540902 and 1556448 on lbwiki

{{Haaptartikel|Paräis}}
[[Fichier:Cathédrale Notre-Dame de Paris - 12.jpg|thumb|300px|Notre-Dame de Paris]]
Déi fréier Abteikierch ''[[Saint-Germain des Prés]]'' um ''Boulevard Saint-Germain'' (6. Arrdt.) erënnert dodrunner, datt de [[Frankeräich|fränkesche]] Kinnek [[Childebert I.]] aus dem Geschlecht vun de [[Merowinger]], e Jong vum [[Clovis I. vu Frankräich|Clovis I.]] hei am Joer [[557]] eng Abtei gegrënnt huet, déi méi spéit eng grouss Bedeitung krut. De Portalt(contracted; show full)

D'Kierch ''[[Saint Germain-l'Auxerrois]]'' nieft dem [[Louvre]] (1. Arrdt.) staamt an hire Grondzich nach aus der Zäit vun der [[Romanik]] am 12. Joerhonnert. Si huet allerdéngs souwuel e gotescht Striewwierk wéi och en héichgotescht Portal. D'Ubauten an Tierm vun dëser Kierch stamen aus dem [[Barock]]. Dës Kierch, déi vis-à-vis vum Westportal vum Louvre an doma
ddert um westlechen Enn vun de Champs-Élysées läit ass dem Hellege Germain vun [[Auxerre]] geweit.

D'Parkierch ''[[Saint-Sulpice]]'' südlich vum ''Boulevard Saint-Germain'' (6. Arrdt.) ass dem Hellege [[Sulpicius II. vu Bourges]] geweit. Si ersetzt e romanesche Virgängerbau aus dem Ufank vum [[13. Joerhonnert]]. D'Aarbechten un der haiteger Kierch hunn am Joer [[1649]] ugefaangen, mä konnten duerch politesch a finanziell Schwieregkeeten eréischt am [[18. Joerhon(contracted; show full)== Um Spaweck ==

{{Commons|Category:Churches in Paris|Paräisser reliéis Gebaier}}

[[Kategorie:Reliéis Gebaier zu Paräis|!]]

{{Link FA|he}}
{{Link FA|it}}