Difference between revisions 1556448 and 1558096 on lbwiki

{{Haaptartikel|Paräis}}
[[Fichier:Cathédrale Notre-Dame de Paris - 12.jpg|thumb|300px|Notre-Dame de Paris]]
Déi fréier Abteikierch ''[[Saint-Germain des Prés]]'' um ''Boulevard Saint-Germain'' (6. Arrdt.) erënnert dodrunner, datt de [[Frankeräich|fränkesche]] Kinnek [[Childebert I.]] aus dem Geschlecht vun de [[Merowinger]], e Jong vum [[Clovis I. vu Frankräich|Clovis I.]] hei am Joer [[557]] eng Abtei gegrënnt huet, déi méi spéit eng grouss Bedeitung krut. De Portaltuerm vun der haiteger Kierch an déi ënnescht Beräicher vun de Kiercheschëffer stamen aus dem [[11. Joerhonnert]], de Chouer gouf am Joer [[1163]] vum Poopst [[Alexander II. (Poopst)|Alexander II.]] ageweit. De Bau gouf bis zum [[17. Joerhonnert]] e puer Mol ëmgeb(contracted; show full)au vun der Kierch ''[[La Madeleine]]'' nërdlech vun der ''[[Place de la Concorde]]'' (8. Arrdt.) huet [[1764]] nom Entworf vum Architekt Pierre Contant ugefaangen an huet am Dezember [[1791]] opgrond vun der [[Franséisch Revolutioun|Franséischer Revolutioun]] missen agestallt ginn. D'Aarbechte goufe vum Architekt [[Jacques-Marie Huvé]] ([[1783]]-[[1852]]) nees opgeholl an am Joer [[1842]] ofgeschloss, d'Konsekratioun war den [[9. Oktober]] [[1845]]. Den Int
éerieur staamt gréisstendeels aus de Joren [[1830]]-[[1840]]. Als besonnesch kuckeswäert gëllt d'Statu vun der [[Maria Magdalena]] vum [[Carlo Marochetti]]. D'Uergel vum franséischen Uergelbauer [[Aristide Cavaillé-Coll]] (1811-1899) zielt zu enger vun de klangvollste vun der Stad.

D'[[Basilique du Sacré-Cœur]] ass eng réimesch-kathoulesch [[Wallfahrtskierch]] um Hiwwel vu [[Montmartre]] an ass den zweethéchste Punkt vun der Stad nom [[Eiffeltuerm]]. De Bau vun der Kierch am "[[Zockerbäckerstil]]" gouf [[1875]] vum Architekte [[Paul Abadie]] ugefaangen, dee sech an engem Concours géint 78 aner MatbewerberParticipanten duerchgesat hat, an deem säin Entworf däitlech vum réimesch-byzantinesche Stil vun ale Kierche wéi der [[Hagia Sophia]] inspiréiert war. Den Abadie ass schonn [[1884]] gestuerwen, wéi d'Bauaarbechte grad ugefaangen haten. Sechs aner Architekten hunn déi weider Leedung iwwerholl, bis de Bau [[1914]] fäerdeggestallt konnt ginn.

== Um Spaweck ==

{{Commons|Category:Churches in Paris|Paräisser reliéis Gebaier}}

[[Kategorie:Reliéis Gebaier zu Paräis|!]]

{{Link FA|he}}
{{Link FA|it}}