Difference between revisions 1558096 and 1601430 on lbwiki

{{Haaptartikel|Paräis}}
[[Fichier:Cathédrale Notre-Dame de Paris - 12.jpg|thumb|300px|Notre-Dame de Paris]]
Déi fréier Abteikierch ''[[Saint-Germain des Prés]]'' um ''Boulevard Saint-Germain'' (6. Arrdt.) erënnert dodrun, datt de [[Frankeräich|fränkesche]] Kinnek [[Childebert I.]] aus dem Geschlecht vun de [[Merowinger]], e Jong vum [[Clovis I. vu Frankräich|Clovis I.]] hei am Joer [[557]] eng Abtei gegrënnt huet, déi méi spéit eng grouss Bedeitung krut. De Portaltuerm vun der haiteger Kierch an déi ënnescht Beräicher vun de Kiercheschëffer stamen aus dem [[11. Joerhonnert]], de Chouer gouf am Joer [[1163]] vum Poopst [[Alexander II. (Poopst)|Alexander II.]] ageweit. De Bau gouf bis zum [[17. Joerhonnert]] e puer Mol ëmgebaut. D'Wandmolereien um Kiercheschëff gouf am [[19. Joerhonnert]] vum [[Hippolyte Flandrin]] geschaf.

D'Kathedral ''[[Notre Dame de Paris]]'' op der ''Île de la Cité'' (4. Arrdt.) ass eng vun de fréiste [[Gotik|gotesche]] Kathedrale vu [[Frankräich]]. Si ass der [[Mutter Gottes|Maria]], der Mamm [[Jesus vun Nazareth|Jesu]], geweit. De Bau gouf am Joer [[1163]] ënnert dem Bëschof Maurice de Sully ugefaangen, an eréischt [[1345]] fäerdeggestallt. D'Ausmoosse vum Kiercheschëff sinn 130 Meter mol 48 Meter bei enger Héicht vu 35 Meter. Mat der Empore huet Notre Dame Plaz fir 9000 Leit. Déi zwéin Tierm sinn 69 Meter héich, den [[Daachreider]] 90 Meter.  

D'Kierch ''[[Saint Germain-l'Auxerrois]]'' niefwent dem [[Louvre]] (1. Arrdt.) staamt an hire Grondzich nach aus der Zäit vun der [[Romanik]] am 12. Joerhonnert. Si huet allerdéngs souwuel e gotescht Striewwierk wéi och en héichgotescht Portal. D'Ubauten an Tierm vun dëser Kierch stamen aus dem [[Barock]]. Dës Kierch, déi vis-à-vis vum Westportal vum Louvre an domat um westlechen Enn vun de Champs-Élysées läit ass dem Hellege Germain vun [[Auxerre]] geweit.

(contracted; show full)rächteg kinneklech Kuppelkierch ass, sou wéi d'Zaldotekierch ''Saint-Louis des Invalides'' en Deel vum ''Hôtel des Invalides'' an zielt zu de schéinste [[Barock-Klassizismus|barock-klassizistesche]] Baute vum Land. Bannendra gouf am [[19. Joerhonnert]] e majestätescht Graf fir de franséische Keeser [[Napoléon|Napoléon I.]] gebaut, deem seng Läich no senger Iwwerféierung aus [[Sankt Helena]] (1840) hei läit, sou wéi och verschidden aner wichteg Perséinlechkeeten.
    

De Bau vun der Kierch ''[[La Madeleine]]'' nërdlech vun der ''[[Place de la Concorde]]'' (8. Arrdt.) huet [[1764]] nom Entworf vum Architekt Pierre Contant ugefaangen an huet am Dezember [[1791]] opgrond vun der [[Franséisch Revolutioun|Franséischer Revolutioun]] missen agestallt ginn. D'Aarbechte goufe vum Architekt [[Jacques-Marie Huvé]] ([[1783]]-[[1852]]) nees opgeholl an am Joer [[1842]] ofgeschloss, d'Konsekratioun war den [[9. Oktober]] [[1845]]. De(contracted; show full)== Um Spaweck ==

{{Commons|Category:Churches in Paris|Paräisser reliéis Gebaier}}

[[Kategorie:Reliéis Gebaier zu Paräis|!]]

{{Link FA|he}}
{{Link FA|it}}