Difference between revisions 1601430 and 1607474 on lbwiki{{Haaptartikel|Paräis}} [[Fichier:Cathédrale Notre-Dame de Paris - 12.jpg|thumb|300px|Notre-Dame de Paris]] Déi fréier Abteikierch ''[[Saint-Germain des Prés]]'' um ''Boulevard Saint-Germain'' (6. Arrdt.) erënnert dodrun, datt de [[Frankeräich|fränkesche]] Kinnek [[Childebert I.]] aus dem Geschlecht vun de [[Merowinger]], e Jong vum [[Clovis I. vu Frankräich|Clovis I.]] hei am Joer [[557]] eng Abtei gegrënnt huet, déi méi spéit eng grouss Bedeitung krut. De Portaltuerm vun der haiteger Kierch an déi ënnescht Beräicher vun de Kiercheschëffer stamen aus dem [[11. Joerhonnert]], de Chouer gouf am Joer [[1163]] vum Poopst [[Alexander II. (Poopst)|Alexander II.]] ageweit. De Bau gouf bis zum [[17. Joerhonnert]] e puer Mol ëmgebaut. D'Wandmolereien um Kiercheschëff gouf am [[19. Joerhonnert]] vum [[Hippolyte Flandrin]] geschaf. D'Kathedral ''[[Notre Dame de Paris]]'' op der ''Île de la Cité'' (4. Arrdt.) ass eng vun de fréiste [[Gotik|gotesche]] Kathedrale vu [[Frankräich]]. Si ass der [[Mutter Gottes|Maria]], der Mamm [[Jesus vun Nazareth|Jesu]], geweit. De Bau gouf am Joer [[1163]] ënnert dem Bëschof Maurice de Sully ugefaangen, an eréischt [[1345]] fäerdeggestallt. D'Ausmoosse vum Kiercheschëff sinn 130 Meter mol 48 Meter bei enger Héicht vu 35 Meter. Mat der Empore huet Notre Dame Plaz fir 9000 Leit. Déi zwéin Tierm sinn 69 Meter héich, den [[Daachreider]] 90 Meter. (contracted; show full)== Um Spaweck == {{Commons|Category:Churches in Paris|Paräisser reliéis Gebaier}} [[Kategorie:Reliéis Gebaier zu Paräis|!]] {{Link FA|he}} {{Link FA|it}} All content in the above text box is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike license Version 4 and was originally sourced from https://lb.wikipedia.org/w/index.php?diff=prev&oldid=1607474.
![]() ![]() This site is not affiliated with or endorsed in any way by the Wikimedia Foundation or any of its affiliates. In fact, we fucking despise them.
|