Difference between revisions 1622486 and 1626531 on lbwiki

'''''The Fellowship of the Ring''''' ("''D'Gesellschaft vum Rank''") ass den éischten Deel vum Roman ''[[The Lord of the Rings]]'' ("''Den Här vun de Réng''") vum briteschen Auteur [[J. R. R. Tolkien]].

== Éischt Buch ==
D'Geschicht fänkt am Fréijoer vum Joer 3001 vum 3. Alter un, wéi de [[Bilbo den Hobbit]] säin honnerteelefte Gebuertsdag zelebréiert. Ënner de Gäscht si säin Nëwwi an Ierwen, Frodo Baggins, an de Gandalf, den Zauberer. All déi aner Gäscht wäerten als en Ongléck ugesinn, datt de Bilbo während der Zeremonie verschwënnt. Tatsächlech hat en alles virbereet, esou exiléiert e sech aus der Grofschaft (esou heescht d'Land vun den Hobbiten) a léisst säi magesche Rank dem jonge Frodo, deen ënner d'Momperschaft vum Gandalf gestallt gëtt.

(contracted; show full)== Kuckt och ==
* [[The Lord of the Rings: The Fellowship of the Ring (Film)]]

{{LinkPortalMiddle-earth}}

[[Kategorie:The Lord of the Rings| ]]

[[he:שר הטבעות#אחוות הטבעת]]