Difference between revisions 1626531 and 1628956 on lbwiki

'''''The Fellowship of the Ring''''' ("''D'Gesellschaft vum Rank''") ass den éischten Deel vum Roman ''[[The Lord of the Rings]]'' ("''Den Här vun de Réng''") vum briteschen Auteur [[J. R. R. Tolkien]].

== Éischt Buch ==
D'Geschicht fänkt am Fréijoer vum Joer 3001 vum 3. Alter un, wéi de [[Bilbo den Hobbit]] säin honnerteelefte Gebuertsdag zelebréiert. Ënner de Gäscht si säin Nëwwi an Ierwen, Frodo Baggins, an de Gandalf, den Zauberer. All déi aner Gäscht wäerten als en Ongléck ugesinn, datt de Bilbo während der Zeremonie verschwënnt. Tatsächlech hat en alles virbereet, sou exiléiert e sech aus der Grofschaft (esou heescht d'Land vun den Hobbiten) a léisst säi magesche Rank dem jonge Frodo, deen ënner d'Momperschaft vum Gandalf gestallt gëtt.

Siwwenzéng Joer duerno, wéi dem Sauron seng Agenten de Rank uechtert d'Land sichen, deckt de Gandalf sengem Protégé d'Geschicht vun senger Ierfschaft op. Hien erkläert, datt dem Bilbo säi magesche Schnickschnack tatsächlich den Eenzege Muechtrank ass, deen den Donkelen Här geschafen hat, fir d'fräi Vëlker ze versklaven. Dem Frodo säin dapere Frënd Sa(contracted; show full)== Kuckt och ==
* [[The Lord of the Rings: The Fellowship of the Ring (Film)]]

{{LinkPortalMiddle-earth}}

[[Kategorie:The Lord of the Rings| ]]

[[he:שר הטבעות#אחוות הטבעת]]