Difference between revisions 1562585 and 1564070 on lbwiki

D'Verfügbarkeet vun enger Rëtsch Hydrid-Komplexer huet de Problem vun der selektiver Reduktioun vu Substanze vereinfacht. Bal all polar Funktiounsgrupp ka reduzéiert ginn duerch déi richteg Wiel vum [[Hydrid]]. En anere Virdeel vun der Hydrid-Reduktioun ass, datt een d'[[Geometrie (Chimie)|Geometrie]] ka kontrolléieren, an dat duerch déi richteg Wiel vun de Reaktiounskonditiounen.

== Reduktioun mat Hëllef vu Lithium-Aluminium-Hydrid ==

Dee Komplex, deen am meeschte kann agesat gëtt, ass de [[Lithium-Aluminium-Hydrid]]. En ass reaktif genuch fir Carboxylat-Ione zou Primär-Alkoholer ze reduzéieren a kann natierlech och fir Substanze gebraucht ginn, déi méi einfach ze reduzéiere sinn. Déi héich Réaktiviteit ass verbonne mat enger gewëssener Geféierlechkeet vum [[Reagent]]. Eng Reaktioun stellt sech direkt mat Léisungsmëttel, déi protonesch sinn (d. h. déi H+ ofsënnere kënne wéi [[Chloroform]], [[Alkohol]], [[Waasser]] asw.) an et kann zu enger spontaner Explosioun oder zu engem Brand kommen.  

''Beispiller'' 
* 1,6-HEXANEDIOL aus DlETHYL AOIPATE (1,5-bis(ethylperoxy)pentane)

<center>[[Fichier:Reduktioun1.png|500px|thumb|none| Reduktioun vun 1,5-bis(ethylperoxy)pentane]]</center>

(contracted; show full)

== Reduktioun vu Konjugéierten Alken mat Chromium(II)Sulfat ==

Chromium (II) Sulfate ass kapabel fir eng rëtsch Gruppen ze reduzéieren ënner melle Bedingungen. Besonneg interessant ass seng Abiliteit unsaturéiert Esteren, Saieren, an Nitrile zu de korrespondéierte saturatéierten Stoffen ëmzewandele.

''Beispill''

Reduktioun vun DIETHYL FUMARATE
  

8.7 g (0.05 mole) Diethyl Fumarate an 85 ml Dimethylformamide (DMF)als Ufangsléisung. Mir schëdde séier den Chromium Sulfate dobäi an no 10 Minutten ass Reaktioun fäerdeg. Da ma mer de Workup a mir fannen ee Solide den ee Kaachpunkt huet vun 129&nbsp;°C bei/44mm, n20D 1.4194, an ongeféier 90% Rendement.

== Reduktioun mat Hellëf vu Lithium-Aminen ==

(contracted; show full)
Déi Reduktioun ka mat Zénk an Acétiksaier gemaach ginn.

* Cis-5,8-OCTALINDIONE

<center> [[Fichier:reduktioun14.png|400px|thumb|none| Cis-5,8-OCTALINDIONE]]</center>

6 g vu Quinone-butadiene sinn a 25 ml 95% Acetiksaier opgeléist. Zénkstept (approx. 0.1 g) gëtt dobéigemaach an Temperatur gëtt tëschent 30-50&nbsp;°C gehal
en. Kleng Quantitéite vu Saier (3-5 ml) kënnen nach derbéigeschott gi fir d'Produkt an der Léisung ze hale an d'Léisung flësseg ze halen. Nodeem den Zénk derbéigemaach ass gëtt nach 5 Min réiere gelooss. Nom Workup kritt een e Produkt mat engem Schmëlzpunkt vun 100-104&nbsp;°C, an engem Rendement vu 4.5-5 g (75-83%). No enger Recrystallitioun kritt een ee Schmëlzpunkt vun 106&nbsp;°C.

== Reduktioun mat Hëllef vun Hydroboratioun ==

(contracted; show full)
31. C. Djerassi and J. Gutzwiller, /. Amer. Chem. Soc. 88, 4537 (1966).

32. A. J. Birch and K. A. M. Walker, Tetrahedron Lett., p.&nbsp;3457 (1967).

33. RICHARD S. MONSON an "Advanced Organic Synthesis", Rhadon (1971).

[[Kategorie:Chimie]]